Als Deelkrees gëtt an der Instrumenteléier an an der Geodesie eng delikat ënnerdeelt ronn Scheif aus Glas, Metall oder Filmmaterial bezeechent, déi der geneeër Wénkelmiessung déngt. Zu deem Zweck ass de Bord vun der Scheif mat radial gezeechenten, rengen Deelstrécher oder Mustere gläichméisseg ënnerdeelt.

D'Wénkelmiessung erfollegt a Verbindung mat enger Moossspektiv oder enger Viséiervirriichtung. D'Ofliesen um Deelkrees geschitt visuell (meeschtens mat opteschen Hëllefsmëttelen) oder duerch photoelektrescht Oftaaschte vun den Deelstrécher.

Ofliese vun Deelkresser änneren

D'visuellt Ofliesen, dat bis c.a. 1960 dominéiert hat, huet vun der Genauegkeet vum Instrument ofgehaangen

D'photoelektrescht Ofliese vun Deelkreesser geschitt duerch automatescht Oftaaschte vun den Deelstrécher respektiv de Musteren. Dat a Form vu gläichméissege Stréchdeelungen oder duerch méi oder wéineger laang Stréchspuere verkierpert Wénkelmooss gëtt beim Oftaaschten an Hell-Donkel-Signaler ëmgesat an digital verschafft.

Deelkreesser kënnen oppen oder an engem Gehais verdeckt ausgefouert sinn; besonnesch genee Deelkreesser hunn Theodoliten, Sextanten, an astronomesch Meridiankreeser. D'Deelstrécher sinn do meeschtens Bouminutten oder e Villfach dovun, wärend d'Prezisiounsofliesen (op Wénkelsekonnen oder nach méi genee) duerch optesch Mikrometer erfollegt (Koinzidenz mat engem Planplackemikrometer).

Deelkreesser vun Theodoliten änneren

Bis Ufank vum 20. Joerhonnert ware genee Deelkreesser bei geodeteschen Instrumenter meeschtens aus Stol mat Sëlweralag fabrizéiert, zanter der Entwécklung vum Sekonnentheodolit (kuckt Wild T2) si fei gebeezt Glaskreesser méi gebräichlech. Deenen hir Deelung gouf am Ufank mechanesch (duerch Kreesdeelungsmaschinnen), spéider duerch fotografesch Reproduktioun (Beezen) hiergestallt, grad wéi déi vun haitegen edelste Glasmoossstief.

A modernen elektroneschen Theodolite gëtt d'Kreesliesung duerch optoelektronesch Methoden ersat. Déi Technik vun der relativer Wénkelbestëmmung gëtt Inkrementalmethod genannt, am Géigesaz zu der Codemethod beim Ofliese vun absolutte Wäerter.

Déi bis ongeféier 1800 schlecht Ofliesprezisioun vum Krees gouf virdrun duerch eng Erfindung mam Widderhuelungs- oder Repetitiounskrees vum Tobias Mayer kompenséiert.

Literatur änneren

  • Franz Ackerl: Geodäsie und Fotogrammetrie. Band 1, Instrumente und Verfahren der Vermessung und graphisch-mechanische Auswertung. Verlag Georg Fromme, Wien 1950.
  • Heribert Kahmen: Angewandte Geodäsie – Vermessungskunde. 20. Auflage. de-Gruyter-Verlag, Berlin/NewYork 2005, ISBN 978-3110184648.