Verkéiersverbuetsschëld

E Verkéiersverbuetsschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, déi e Verbuet oder eng Restriktioun uweist.

Verschidde Verkéiersverbuetsschëlter an der Stad Lëtzebuerg (Parking Monterey)

Zu Lëtzebuerg ass et bal ëmmer e Rondel mat engem roude Bord a bannendran engem schwaarze Piktogramm op wäissem Fong.

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] festgehale gouf, an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Verbuetsschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik III. Signaux d'interdiction et de restriction follgendermoosse beschriwwen:

Lëscht vun de Verkéiersverbuetsschëlter änneren

Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Verbueden eranzefueren. Schëld C, 1a
2 Fuerverbuet a béide Richtungen. Schëld C, 2
2a Gespaart Strooss. Schëld C, 2a
3 Verbueden eranzefuere fir eng bestëmmt Kategorie vu Gefierer oder Benotzer. Schëld C, 3a - Schëld C, 3b - Schëld C, 3c - Schëld C, 3d - Schëld C, 3e - Schëld C, 3f - Schëld C, 3fbis - Schëld C, 3g - Schëld C, 3h - Schëld C, 3j - Schëld C, 3k - Schëld C, 3l - Schëld C, 3m - Schëld C, 3n
4 Verbueden eranzefuere fir méi Kategorië vu Gefierer. Schëld C, 4a - Schëld C, 4b
5 Verbueden eranzefuere fir Gefierer déi méi breet wéi ... Meter sinn. Schëld C, 5
6 Verbueden eranzefuere fir Gefierer déi méi héich wéi ... Meter sinn. Schëld C, 6
7 Verbueden eranzefuere fir Gefierer déi méi wéi ... Tonne gelueden hunn. Schëld C, 7
8 Verbueden eranzefuere fir Gefierer déi op enger Achs méi wéi ... Tonne weien. Schëld C, 8
9 Verbueden eranzefuere fir Gefierer oder fir en Ensembel vu Gefierer wa se eng Längt vu méi wéi ... Meter hunn. Schëld C, 9
10 Fuerverbuet fir Gefierer wa se hannerenee kee Sputt vun op d'mannst ... Meter anhalen. Schëld C, 10
11 Verbueden ofzebéien. Schëld C, 11a - Schëld C, 11b
12 Verbueden d'Kéier ze maachen. Schëld C, 12
13 Iwwerhuelverbuet. Schëld C, 13aa - Schëld C, 13ba
14 Vitesslimitatioun. Schëld C, 14
15 Verbueden ze tuten. Schëld C, 15
16 Verbuede weiderzefueren, ouni stoen ze bleiwen. Schëld C, 16
17 Enn vun engem Verbuet oder enger Restriktioun. Schëld C, 17a - Schëld C, 17b - Schëld C, 17c - Schëld C, 17d

Technesch Donnéeën änneren

D'Verkéiersverbuetsschëlter si gemenkerhand Rondele mat engem roude Bord, den Hannergrond ass wäiss an d'Symboler oder d'Opschrëfte si schwaarz. Op de variabele Verkéiersschëlter kënnen d'Symboler oder d'Opschrëfte hell op däischterem Hannergrond sinn, absënns wann et technesch néideg ass oder fir datt ee se besser liese kann.

Nieft verschiddenen Ausnamen, muss den Duerchmiesser vun de Verkéiersverbuetsschëlter an den Uertschaften op d'mannst 500 mm sinn, baussent den Uertschaften op d'mannst 700 mm an op den Autobunnen op d'mannst 900 mm.

Opstelle vun de Schëlter änneren

Gemenkerhand ginn d'Schëlter op der rietser Säit a der Fuerrichtung a baussent der Fuerbunn opgeriicht. D'Schëlter C, 17a, C, 17b, C, 17c an C, 17d kënnen um Revers vun de Verbuetsschëlter ugemaacht sinn, déi fir den Trafic an der anerer Géigerichtung bestëmmt ass.

D'Verkéierswarnschëlter ginn am Allgemenge baussent den Uertschafte vun der Bauverwaltung a bannent den Uertschafte vun der jeeweileger Gemengeverwaltung opgestallt. Am Kader vun engem Schantjen, ass deen, deen de Schantjen organiséiert, responsabel fir d'Verkéierswarnschëlter opzestellen.

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Artikel 107 – I. Signaux d'avertissement et de danger aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 1. Abrëll 2018.