Vertikal Signalisatioun

Schëld fir de Verkéier ze regléieren

D'Vertikal Signalisatioun sinn all déi Signaler déi vertikal nieft oder iwwer de Stroossen ubruecht sinn, an déi dozou déngen d'Sécherheet vun de Stroossebenotzer ze garantéieren, sief et datt s'op Geforen hiweisen, oder op d'Virschrëfte vum Code de la route. Si hëllefen och de Benotzer am Viraus Decisiounen ze treffen, andeems se z. B. Direktioune scho wäit virun enger Kräizung uweisen, oder Parkplaze laanscht Autobunnen, a speziell Ekipementer wéi z. B. Autobunnstelefonen.

Zu der vertikaler Signalisatioun gehéieren, all d'Verkéiersschëlter, d'Signalisatiounsluuchten op de Kräizungen, an aner Installatioune wéi z. B. d'Informatiounspanneauen iwwer den Autobunnen.

Vertikal Signalisatioune kënne fest ugemaach sinn oder se kënnen als mobil Signalisatioun enger bestëmmter Verkéierssituatioun ugepasst sinn.

Den Atelier fir déi Vertikal Signalisatiounen, déi op Staatsstroossen zu Lëtzebuerg gebraucht ginn, ze produzéieren ass um Site vun der Ponts et Chaussées zu Bartreng, wou all Joer eng 10.000 Stéck an alle Gréisste mat Hëllef vu Lettrage oder Seriegraphie fabrizéiert ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Verkéiersluuchten – Biller, Videoen oder Audiodateien