Schëld C, 3fbis
D'Schëld C, 3fbis ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ugëtt, datt et verbueden ass eran ze fuere fir motoriséierte Gefierer un déi en Unhänger oder eng Semi-remorque ugehaangen ass. D'Opschrëft vun engem Tonnage an der Silhouette vum Unhänger oder op engem Zousazschëld heescht, datt de Verbuet nëmme gëllt wann dat maximal zougeloossent Gesamtgewiicht vum Unhänger oder der Semi-remorque méi héich ass wéi dëse Wäert.
Verbueden eranzefuere fir Chauffere vu Gefierer mat Unhänger oder vun enger Semi-remorque | |
Bezeechnung | C, 3fbis |
---|---|
Kategorie | Verkéiersverbuetsschëld |
Land | Lëtzebuerg |
Originaltext aus dem Code de la route:
änneren„3. Interdiction d'accès à une certaine catégorie de véhicules ou d'usagers – Le signal C,3fbis indique que l'accès est interdit à tout véhicule automoteur attelé d'une remorque ou semi-remorque. L'inscription d'un chiffre de tonnage sur la silhouette de la remorque ou sur un panneau additionnel signifie que l'interdiction ne s'applique que si le poids total maximum autorisé de la remorque ou de la semi-remorque dépasse ce chiffre“
Bemierkungen
änneren- Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro (awer kee Verloscht vu Punkten um Punktefürerschäin)[2].
Biller
änneren-
Verkéiersschëld E,23 "Parking" zesumme mam Schëld C,3fbis "Accès interdit aux remorques et semi-remorques"
Um Spaweck
ännerenCommons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
- ↑ ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière