Schëld C, 3e

Verkéiersverbuetsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld C, 3e ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat ugëtt, datt et verbueden ass eranzefuere fir Chauffere vu motoriséierte Gefierer déi fir de Giddertransport bestëmmt sinn. D'Opschrëft vun engem Tonnage an der Silhouette vum Gefier oder op engem Zousazschëld heescht, datt de Verbuet nëmme gëllt wann dat maximal zougeloossent Gesamtgewiicht vum Gefier oder vun den unenee gehaangene Gefierer méi héich ass wéi dëse Wäert.

Schëld C, 3e
Verbueden eranzefuere fir Chauffere vu motoriséierte Gefierer déi fir de Giddertransport bestëmmt sinn
Bezeechnung C, 3e
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Originaltext aus dem Code de la route änneren

„3. Interdiction d'accès à une certaine catégorie de véhicules ou d'usagers - Le signal C,3e indique que l'accès est interdit aux conducteurs de véhicules automoteurs destinés au transport de choses. L'inscription d'un chiffre de tonnage sur la silhouette du véhicule ou sur un panneau additionnel signifie que l'interdiction ne s'applique que si le poids total maximum autorisé du véhicule, ou de l'ensemble des véhicules couplés, dépasse ce chiffre“

Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction[1]

.

Bemierkungen änneren

  • D'Schëld C, 3e gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 32 vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro (awer kee Verloscht vu Punkten um Punktefürerschäin)[3].

Biller änneren

Kuckt och änneren

  • Schëld C, 7: Verbueden eranzefuere fir Gefierer déi méi wéi … Tonne gelueden hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière