Schëld C, 14

Verkéiersverbuetsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld C, 14 ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Chaufferen uweist, datt d'maximal Vitess op déi Zuel déi um Schëld steet limitéiert ass. Ënner der Zuel kann d'Angab « km » stoen. Wann d'Vitesslimitatioun sech nëmmen op Gefierer mat engem bestëmmte maximal erlaabte Gewiicht bezitt, da gëtt dat op engem Zousaz ënner dem Schëld uginn.

Schëld C, 14
Vitesslimitatioun
Bezeechnung C, 14
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Originaltext aus dem Code de la route: änneren

„14. Limitation de vitesse - Le signal C,14 indique aux conducteurs que la vitesse maximale est limitée au chiffre apposé au signal. Au-dessous du chiffre peut être ajoutée la mention « km ». Si la limitation de vitesse s'applique seulement aux véhicules dont le poids total maximum autorisé dépasse un tonnage déterminé, une inscription complémentaire est placée dans un panneau additionnel au-dessous du signal“

Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction[1]

Bemierkungen änneren

  • D'Schëld C, 14 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 37a vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vun 49 bis 145 Euro an deels e Verloscht vun 2 Punkten um Punktefürerschäin[3]:
Pretekoll a Verloscht vu Punkte bei Verstéiss
     
≤ 15 km/h 49 € ≤ 20 km/h 49 € ≤ 25 km/h 49 €
> 15 km/h 145 €

2 Punkten

> 20 km/h 145 €

2 Punkten

> 25 km/h 145 €

2 Punkten

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière