Schëld C, 2

Verkéiersverbuetsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld C, 2 ass e Verkéiersverbuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Chauffere vu Gefierer an de Leit déi Déiere féieren ugëtt, datt et aus deenen zwou Richtunge verbueden ass an d'Strooss eranzefueren, mat Ausnam vun de Leit déi do wunnen an deenen hire Liwweranten.

Schëld C, 2
Fuerverbuet a béide Richtungen
Bezeechnung C, 2
Kategorie Verkéiersverbuetsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch gëtt dat Schëld "Verbuede Strooss" genannt.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

„2. Circulation interdite dans les deux sens - Le signal C,2 indique que l'accès est interdit dans les deux sens aux conducteurs de véhicules et d'animaux, à l'exception des riverains et de leurs fournisseurs“

Artikel 107 – III. Signaux d'interdiction et de restriction[1]

Bemierkungen änneren

  • D'Schëld C, 2 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 24 vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Wann een dëst Verbuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro (awer kee Verloscht vu Punkte vum Punktefürerschäin)[3].

Spezialfäll änneren

 

Verschidde Stroosse sinn am Wanter mam Schëld C,2 mat dem Zousaz (fr) "en cas d'enneigement et de verglas" gezeechent. An deem Fall däerf ee "bei Schnéi an Äis" net duerchfueren. D'Stroossen déi ënnert dëst Verbuet falen, sinn an engem ministerielle Reglement opgezielt[4],[5].

Heizou um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiersverbuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière
  4. Règlement grand-ducal du 23 janvier 2014 concernant la réglementation temporaire de la circulation sur diverses voies étatiques des cantons de Remich, Mersch, Luxembourg et Wiltz en cas d'enneigement et de verglas op legilux.lu, gekuckt de 4. Februar 2019
  5. Règlement grand-ducal du 27 février 2014 concernant la réglementation temporaire de la circulation sur diverses voies étatiques des cantons de Diekirch et Vianden en cas d'enneigement et de verglas op legilux.lu, gekuckt de 4. Februar 2019