De Vallis Bouvard ass e Mounddall um baussenzege westleche Rand vun der viischter Äerdmoundsäit. Den Dall streckt sech iwwer eng Distanz vu bal 300 Kilometer vun engem Punkt nordëstlech vum Krater Baade, no beim Krater Bouvard D, an nordëstlecher Richtung bis an d'Géigend vum Krater Shaler. Hie weist domat geneesou wéi d'Nopeschstrukturen de Vallis Baade an de Vallis Inghirami a Richtung op dat grousst Aschlagbecke vum Mare Orientale. Seng ausgedeenst Plaz ass ongeféier 50 km breet.

Vallis Bouvard
Den Vallis Bouvard; Foto, opgeholl vum LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet -38,44
Längt -83,56
Duerchmiesser 287,92 km
Genannt 1970 nom Alexis Bouvard

D'Struktur gouf am Joer 1970 vun der IAU offiziell nom franséischen Astronom a Mathematiker Alexis Bouvard (1767-1843) genannt an et ass den eenzege Mounddall, dee säin Numm fir eng Grupp vun Niewekratere gëtt:

Niewekrateren änneren

Vallis Bouvard Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
B -41,71° S -79,82° W 24,74 km
C -37,09° S -77,48° W 14,63 km
D -42,77° S -80,66° W 27,46 km
E -41,9° S -77,53° W 12,82 km
F -42,46° S -76,55° W 11,98 km
G -42,07° S -74,74° W 20,36 km
M -40,61° S -77,52° W 74,06 km
N -38,57° S -76,52° W 65,85 km
P -38,92° S -75,16° W 13,87 km
R -35,56° S -84,38° W 7,95 km
S -35,62° S -80,63° W 11,69 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren