Alexis Bouvard
Den Alexis Bouvard, gebuer de 27. Juni 1767 zu Contamines a gestuerwen de 7. Juni 1843 zu Paräis war e franséischen Astronom.
Alexis Bouvard | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
27. Juni 1767 Les Contamines-Montjoie |
Gestuerwen |
7. Juni 1843 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Académie des sciences, belles-lettres et arts de Savoie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino |
Liewen a WierkenÄnneren
De Bouvard war Direkter vum Paräisser Observatoire an huet 8 Koméiten entdeckt. Hien huet ausserdeem d'Positioune vun de Planéite Jupiter, Saturn an Uranus berechent. Tabelle vun der Uranusbunn hunn zu Diskrepanze mat sengen Observatioune gefouert. Doraus huet hien d'Existenz vun engem weidere Planéit geschloss, deen da mat dem Neptun fonnt gouf, a spéider dann och nach den Zwergplanéit Pluto.
Hien hat de Jean-Félix Adolphe Gambart dozou bruecht, fir Astronomie ze studéieren.
ÉierungenÄnneren
- Member vun der Académie des sciences (1803)
- Member vun der Royal Society (1826)
- An Australien gouf de Cape Bouvard no him genannt
- Den Mounddall Vallis Bouvard gouf 1970 no him genannt.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Alexis Bouvard – Biller, Videoen oder Audiodateien |