Vallis Baade
De Vallis Baade ass e Mounddall um westleche Rand vun der viischter Äerdmoundsäit, deen iwwer eng Streck vun iwwer 200 Kilometer, vum klenge Krater Bouvard D, nordëstlech vum Krater Baade aus, a südwestlecher Richtung verleeft a beim Krater Inghirami K ophält.
Vallis Baade (Äerdmounddall) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | -45.56 |
Längt | -77.25 |
Duerchmiesser | 206.79 km |
Genannt 1964 nom | Krater Baade |
Den Dall verleeft wéi de Vallis Bouvard, als deem seng Fortsetzung e gesi ka ginn, oder den ongeféier parallele Vallis Inghirami dee radial ewech vum groussen Aschlagbecke vum Mare Orientale leeft.
Den Numm ass vum Krater Baade ofgeleet, hie gouf 1964 vun der IAU nom däitschen Astronom Walter Baade genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Vallis Baade op The-Moon Wiki