Baade (Moundkrater)

Moundkrater


De Baade ass en Aschlagkrater no beim südwestleche Rand vum Mound op der viischter Säit vum Äerdmound, südwestlech vum giganteschen Aschlagbecke vum Mare Orientale. Nordwestlech läit de Krater Graff a genee westlech de Krater Catalán. D'Gebitt ëstlech vum Krater bilt d'Verbindung tëscht dem 280 Kilometer laangem Vallis Bouvard am Norden an dem schmuelen, 160 Kilometer laangem Vallis Baade a süd-südëstlecher Richtung.

Baade
Koordinaten 44°45'0"S, 82°1'48"W
Duerchmiesser 57,9 km
Déift 5.240 m
Selenographesch Längt 83° bei Sonnenopgank
Genannt no Walter Baade
Genannt am Joer 1964
Moundvéiereck LQ25

De Baade ass am Allgemenge kreesfërmeg, mat schaarfkantege Baussen- an deelweis terrasséierte Bannewänn. Bannen ass de Krater rau an onreegelméisseg an huet bei enger schosselfërmeger Form kee kloer ofgegrenzte Kraterbuedem. En zentralen Hiwwel an der Mëttel feelt an de ganze Krater huet keng wiesentlech Erosiounsspueren.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren