United Kingdom Infrared Telescope
De United Kingdom Infrared Telescope (UKIRT) ass een astronomescht Teleskop dat op Observatiounen am Infrarout spezialiséiert ass. Et huet en Haaptspigelduerchmiesser vun 3,8 m a steet um Terrain vum Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii.
Den UKIRT gehéiert dem brittesche Science and Technology Facilities Council a gëtt vum Joint Astronomy Center vun Hilo bedriwwen. Et gouf an den 1970er als relativ präisgënschtegt Teleskop fir Observatiounen am Infraroutberäich tëscht 1 an 30 Mikrometer Wellelängt entworf a goung 1979 a Betrib. Déi deemools gebraucht Detektertechnologie am Infrarout hat kleng Ufuerderungen un d'Ofbildungsqualitéit par Rapport zu opteschen Teleskope gestallt, soudatt zum Beispill den Haaptspigel dënn a liicht ausgeluecht konnt ginn. Zanterhir gouf et duerch verschidden Ännerungen den haitegen Ufuerderungen ugepasst a liwwert typesch eng Bildqualitéit ënner enger Bousekonn am noen Infrarout. Den UKIRT ass ëmmer nach dat weltgréisst komplett op Infraroutobservatioune spezialiséiert Teleskop, och wann et a ville Leeschtungsberäicher an der Tëschenzäit vun optesch-infrarouden Teleskope vun der 8-Meter-Klass wéi dem Very Large Telescope iwwertraff gëtt.
Instrumenter
ännerenD'Instrumenter vum UKIRT gouf zanter et a Betrib ass en ettlechmol moderniséiert. 2008 hat et dräi Instrumenter fir de Cassegrainfokus an eng Kamera mat groussem Gesiichtsfeld vum Cassegrainfokus.
- CGS4 ass e gekillte Gitterspektrometer mat 90 Bousekonne Spaltlängt a spektraler Opléisung tëscht 1.000 an 30.000.
- UFTI ass eng 1024x1024-Pixel-Kamera fir Wellelängten tëscht 0,8 an 2,5 Mikrometer.
- UIST ass eng 1024x1024-Pixel-Kamera mat Spektrometer fir Wellelängten tëscht 0,8 a 5 Mikrometer, mat zousätzlechem Modus fir e Feld vun 3x6 Bousekonnen ofzebilden.
- WFCAM ass eng Kamera mat groussem Gesiichtsfeld mat véier 2048x2048-Pixel-Chips déi jee ee Feld mat ongeféier 13,6 Bouminutte Säitelängt, zesummen also ongeféier 0,2 Quadratgrad ofdecken.
Aktuelle Betrib
ännerenZanter Betribsufank vum WFCAM am Joer 2004 ass de wichtegste Projet um UKIRT d'Himmelsduerchmusterung UKIRT Infrared Deep Sky Survey (UKIDSS), déi ongeféier 80 % vun där am Groussfeldmodus mat WFCAM disponibeler Zäit ausfëllt. De WFCAM brauch ongeféier 60 % vun der Teleskopzäit, déi aner 40 % si fir Observatioune mat de Cassegraininstrumenter.
De Science and Technology Facilities Council, huet annoncéiert datt den Teleskop deen zanter 2010 an engem sougenannte Minimalist Operating Mode bedriwwe gëtt, Enn 2013 soll zougemaach ginn oder datt seng Aktivéiten transferéiert solle ginn.[1] Wëssenschaftler hunn dat ganz traureg fonnt, an als Aschnëtt an d'Wëssenschaft betruecht.[1]
Verschidden Observatoiren
ännerenDen UKIRT (deemools Infrarot-Flux Collector) am Verglach zu den anere groussen opteschen Teleskopen.
# | Numm / Observatoire |
Bild | Apertur | Spektrum | Altitud | Éischt Liicht |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | BTA-6 Special Astrophysical Obs |
238 inch 605 cm |
Visuell | 2070 m (6791 ft) |
1975 | |
2 | Hale Teleskop Palomar Obs. |
200 inch 508 cm |
Visuell | 1713 m (5620 ft) |
1949 | |
3 | Mayall Teleskop Kitt Peak National Obs. |
158 inch 401 cm |
Visuell | 2120 m (6955 ft) |
1973 | |
4 | Blanco Teleskop CTIO Obs. |
158 inch 401 cm |
Visuell | 2200 m 7217 feet |
1976 | |
5 | Anglo-Australian Teleskop Siding Spring Obs. |
153 inch 389 cm |
Visuell | 1742 m (5715 ft) |
1974 | |
6 | United Kingdom Infrared Telescope Joint Astronomy Centre |
150 inch 380 cm |
Infrarout | 4205m (13,800 ft) |
1979 | |
7 | ESO 3.6 m Teleskop ESO La Silla Obs. |
140 inch 357 cm |
Visuell Infrarout |
2400 m m (7874 ft) |
1977 | |
8 | Shane Teleskop Lick-Observatoire |
120 inch 305 cm |
Visuell | 1283 m (4209 ft) |
1959 |