Selentschuk-Observatoire

De Selentschuk-Observatoire (russesch: „Зеленчукская обсерватория (САО)“) ass en Observatoire zu Selentschukskaja (Republik Karatschai-Tscherkessien) am nërdleche Kaukasus. Am Observatoire ass dat optescht BTA-6 Teleskop souwéi d'RATAN 600 Radioteleskop opgestallt.

Kuppel vum 6-m-Teleskop a riets dohanner den 1-m-Zeiss-Teleskop

BTA-6 änneren

D'Haaptinstrument vum Observatoire, ass de sechs-Meter-Spigelteleskop BTA-6 (Russesch: „Большой Телескоп Азимутальный“, grousst Azimutalteleskop), dat zum Zäitpunkt vu senger Fäerdegstellung 1975 bis Ufanks de 90er Joer de gréissten Teleskop vun der Welt war. Mat dem 42 Tonne schwéiere Borsilikatspigel gouf et Problemer, an dëst ass 1978 wéinst engem Rëss ausgetosch ginn. Den Ënnerscheed zu anere Groussteleskopen ass, datt de Sechs-Meter-Teleskop vum Selentschuk-Observatoire azimutal montéiert ass a mat Hëllef vun enger Computersteierung nogefouert gëtt.

RATAN 600 änneren

D'RATAN 600 ass e Radioteleskop mat 600 Meter Duerchmiesser.

Um Spaweck änneren

Commons: Selentschuk-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien