Um Staminet war eng populär Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg, déi vun 1965 bis 2000[1] sonndes am fréien Owend iwwerdroe gouf. Si war gewéinlech eng 5 bis 10 Minutte laang an huet aus engem satiresch-ironesche Réckbléck op d'Aktualitéit vun der viregter Woch bestanen. D'Emissioun gouf als Gespréich tëscht der „Tatta Sidonie“ dem „Michel“ an dem Kolleeg „Meyer" presentéiert.[2]

De lëtzebuergeschen Auteur Pir Kremer (1919-2000) an de Chronist Léon Blasen (Kolleeg „Meyer") hu Joerzéngte laang als fräi Mataarbechter Um Staminet geschriwwen an dra matgespillt. Aner Speakerinne waren d'Emilie Cao, d'Tilly Jung[3] an d'Micky Erpelding.

Anekdoten änneren

  • D'Emissioun war därmoosse populär, datt esouguer d'Schwësteren aus der Zitha-Klinick den Ufank vun hirer Sonndesmass verluecht hunn, fir de Staminet lauschteren ze kënnen[3].
  • Well den deemolege Premierminister Gaston Thorn an enger Emissioun als Gaston Petit-Thorn[4] an engem groussen Auto ernimmt gouf, huet hie sech duerno beim Direkter vu Radio Lëtzebuerg, dem Mathias Felten beschwéiert[5].

Audio änneren

  • Kremer, P., & Calmes, Christian. (2000). CD: Emissioun : Haut viru 40 Joer ; Emissioun : Um Staminet. Dudelange: Centre national de l'audiovisuel.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. RTL Kultur News, 100 Joer Pir Kremer
  2. Der Mann mit dem rollenden „R“. Journal Lëtzebuerger. Gekuckt de(n) 2020-08-17.
  3. 3,0 3,1 Femmes pionnières du Luxembourg. (2017). Pionéierfraen am Journalismus zu Lëtzebuerg : Exposition. S.l.: Femmes pionnières du Luxembourg. ISBN 978-99959-0-312-1, op a-z.lu
  4. Cacographie vum Numm vum Gaston Thorn senger Fra, der Liliane Thorn-Petit
  5. Pionéierfraen am Journalismus (Säit 19)