Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Staminee[1], ass e Café, eng Plaz, wou een e Pättchen ze drénke kritt. Um Staminet war eng satiresch Wocherevue op RTL Radio Lëtzebuerg, déi sonndesnomëttes iwwerdroe gouf.

Estaminet Blauwershof zu Godewaersvelde

Etymologie änneren

Déi lëtzebuergesch Nimm, grad sou wéi de franséische Begrëff Estaminet, ginn op déi Wallounesch Begrëffer estaminé oder estaminea zeréck, déi hirersäits warscheinlech vu stamon (= Poteau) ofstamen. Estaminete fënnt een an der Belsch, am Nord-Pas-de-Calais an an der Picardie a si gehéieren zum kulturelle Patrimoine vun dësen nordeuropäesche Géigenden.

De Schrëftsteller Jacques Messiant huet véier Bicher iwwer d'Estaminete geschriwwen. 1886 huet den Editeur Ravet-Anceau den éischten Inventaire vun den Estaminete a sengem Annuaire du Nord zesummegestallt. Zanter 2005 gi si am Guide Ravet-Anceau des estaminets opgefouert.

Um Spaweck änneren

Commons: Staminee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Staminet: LOD, Staminee: DFL op der Säit 225, Stamminee: LOD