Tilly Jung

lëtzebuergesch Radiospeakerin a Journalistin

D'Tilly Jung, gebuer 1941 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier Lëtzebuerger Radiosspeakerin a Journalisten.

Tilly Jung
Gebuer 1941
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Radiosspeaker, Journalist

No hirer Première a deemolege Meedercherslycée an der Stad huet den Nic Weber, Chefredakter bei Radio Lëtzebuerg, hir eng Plaz als Direktiounssekretärin ugebueden. Si huet d'Plaz absënns dowéinst kritt, well si an hirem alleréischten Text d'Wuert suicide (fr)net mat Selbstmord iwwersat huet, mä „En huet sech d'Liewe geholl geschriwwen hat. Eng gefleegt Lëtzebuerger Sprooch war deemools - an der Pionéierzäit vum Radio op Lëtzebuergesch - ganz wichteg.

Well d'Tilly Jung schonn ëmmer den Theater gär hat, huet de Radio hir och gutt gefall. Si huet dunn ugefaangen Noriichten ze redigéieren, déi awer vun hire männleche Kolleege presentéiert goufen. 1968 huet si sech op eng Plaz als Redakter a Journalist gemellt an huet d'Plaz och kritt.

Vun deem Moment un, huet si hir Texter och selwer presentéiert. Si huet ofgewiesselt an eng Woch iwwer déi aner dobaussen um Terrain an dobannen an der Redaktioun geschafft. Si war domat déi éischt Journalistin am Lëtzebuerger Radio. Si huet och als Tatta Sidonie an der satiresch-ironescher Emissioun Um Staminet matgemaach.

1976 huet si hir Plaz bei RTL opginn a sech ëm hire Stot an d'Famill gekëmmert.

Tëscht 1982 an 2000 war si Sekretärin op der Lëtzebuerger Bourse. Si ass am Joer 2000 an d'Prepensioun gaangen an huet ugefaangen zu Tréier Konschtgeschicht ze studéieren. Si huet hiert Studium mat engem Master ofgeschloss.

Referenzen an Notten änneren