Uewersauer-Pad

sentier pédestre national de la Haute-Sûre


Den Uewersauer-Pad, offiziell Sentier pédestre national de la Haute-Sûre, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.

Uewersauer-Pad
Vue vum Buerschter Schlass op de Sauerdall
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Roumecht
op Ettelbréck
Längt 69,63 km
déifste Punkt Ettelbréck
héchste Punkt Donatuskapell zu Bungeref
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Rammerech,
Bauschelt,
Stauséigemeng,
Esch-Sauer,
Buerschent,
Ierpeldeng op der Sauer,
Ettelbréck

Streck änneren

De Pad ass 69,63 km laang a féiert vu Roumecht op Ettelbréck. Den déifste Punkt (198 m) ass zu Ettelbréck an den héchsten (494 m) bei der Donatuskapell zu Bungeref[1].

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Roumecht, Bungeref, Bungerëffer Millen, Misärsbréck, Léifreg, Kauneref, Esch-Sauer, Heischtergronn, Toodler, Toodlermillen, Réngel, Dierbech, Giewelsmillen, Buerschter Schlass, Féischterhaff, Bramillen, Méchela, Wilspull, Bierden, Waarken, Ettelbréck.

Informatiounspanneaue stinn zu Roumecht, Esch-Sauer, beim Buerschter Schlass an zu Ettelbréck.

Bemierkungen änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Uewersauer-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Informatiounen op Geoportail.lu Gearchiveerd op 2019-08-03. Gekuckt de(n) 2019-08-03.