Bungerëffer Millen

Lieu-dit a fréier Millen an der Gemeng Rammerech


D'Bungerëffer Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Sauerdall an der Gemeng Rammerech.

Bungerëffer Millen
D'Bungerëffer Millen (2015)
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Koordinaten 49° 52’ 13.8’’ N
      05° 48’ 00.8’’ O

Geographie

änneren

D'Bungerëffer Mille[1] läit 3 Stroossekilometer nërdlech vu Bungeref ewech an 155 m méi déif um rietsen Uwänner vun der Sauer.

Geschicht

änneren
 
D'Millen ufangs vum 20. Joerhonnert.

An der Gaardemauer ass e "Fransousesteen" agebaut, deen aus der Zäit vum Napoleon staamt. Nom Kadasterplang vun 1824 huet dës Mauer eng Längt vun 21 m an zwee Waasser-Rieder. Ëm 1930 gouf op der Mille souguer Mais aus Amerika gemuel. Zënter 1952 huet d'Millen de Betrib agestallt a gouf zu engem Hotel ëmgebaut.

Op der Millen huet eng Zäit laang eng 48,5-kW Turbinn Stroum produzéiert[2]. Déi gouf 2006 mat zwou 55-kW Turbinnen ersat. Dat geet duer fir ronn honnert Stéit mat Stroum ze beliwweren[3].

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Bungerëffer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Ausféierlech Geschicht vun der Bungerëffer Millen
  2. Industrie.lu
  3. Moulin de Bigonville nouvelle centrale hydroélectrique