UN Käerjéng 97

(Virugeleet vu(n) US Bascharage)
UN Käerjeng '97
Offiziellen Numm: U.N. Käerjeng '97
(U=Uewer / N=Nidder)
Veräinsfaarwen: Rout-Blo
Grënnung: 1997
Stadion: Käerjenger Dribbel,
Nidderkäerjeng
Plazen: 2 400 (400 Sëtzplazen)
President: Jim Thomes
Sekretär: Christian Bour
Trainer: Franck Rinaldo
Liga: BGL League
Saison: 2022/23
Positioun: 14. Plaz
Websäit: http://www.un-kaerjeng.lu
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den UN Käerjeng '97 ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Käerjeng.

De fréieren Terrain "um Bëchel" an der Schuller Strooss zu Uewerkäerjeng

Geschicht änneren

De Veräin ass 1997 aus der Fusioun vun de Clibb aus der Käerjenger Gemeng, dem FC Jeunesse Uewerkäerjeng (FC Jeunesse Hautcharage) an der US Nidderkäerjeng (US Bascharage) entstanen. D'Union Sportive Bascharage, 1928 gegrënnt, huet an hirer leschter Saison 1996/97 drëtt Divisioun gespillt, den 1919 gegrënnte Football Club Jeunesse Hautcharage dogéint, hat deemools nëmme just knapps den Opstig aus der éischter Divisioun an d'Éierepromotioun verpasst. Uewerkäerjeng huet am Laf vun der Zäit meeschtens an der éischter Divisioun oder an der Éierepromotioun gepillt. An der Saison 1981/82 ware s'an der Nationaldivisioun.

Den neie Veräin UN Käerjéng ass 1997/98 dunn amplaz vun der Uewerkäerjenger Jeunesse vun der éischter Divisioun aus an d'Championnat gestart an nach d'selwecht Saison an déi zweethéchst Spillklass geklommen. No siwe Joer Éierepromotioun ass Käerjeng 2004/05 an d'Nationaldivisioun geklommen. Gréissten nationale Succès an der Veräinsgeschicht war d'Erreeche vun der Coupefinale 2006/07. D'Finall goung dunn awer mat 1-2 géint den F91 verluer. Trotz dëser Néierlag duerft den U.N. Käerjéng d'Qualifikatiounsronn fir d'UEFA Coupe spillen (den F91 war als Champion scho fir d'Qualifikatioun vun der Champions League qualifizéiert). Als Amateursveräin konnt Käerjéng den norwegesche Profisklub Lillestrøm SK eliminéieren an ass an der zweeter Ronn op de Standard vu Léck gefall, wou no zwéi respektabele Matcher Schluss war fir d'Lëtzebuerger. Bis Mëtt 2011 huet den UN Käerjéng 97 seng Championnatsmatcher um Terrain um Bëchel zu Uewerkäerjeng (Tribün mat 150 iwwerdeckte Stéiplazen) gespillt. Zanter der Saison 2011/12 gëtt um nei gebaute "Käerjenger Dribbel" zu Nidderkäerjeng gespillt, dee Plaz fir 2 400 Zuschauer bitt (dovu 400 iwwerdaacht Sëtzplazen op der Haapttribün).

Nationale Palmarès änneren

UN Käerjéng 97 änneren

Coupe de Luxembourg:

  • Finalist (2x): 2007, 2009

FC Jeunesse Uewerkäerjeng änneren

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (1x): 1971

Europäesch Kompetitiounen änneren

UN Käerjéng 97 änneren

Als Coupefinalist 2006/07 ass den UN Käerjéng automatesch fir d'éischt Qualifikatiounsronn am UEFA Cup 2007/08 zougelooss, eng Première fir de Fusiounsveräin.

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
2007/08 UEFA Cup 1Q   Lillestrøm SK 1-2, 1-0
UEFA Cup 2Q   Standard Léck 0-3, 0-1
{{{1}}}

FC Jeunesse Uewerkäerjeng änneren

D'Jeunesse vun Uewerkäerjeng huet nëmmen eng Kéier europäesch gespillt. Am Europapokal vun de Pokalgewënner 1971/72 sinn d'Käerjenger zweemol elle géint Chelsea ewechgefuer, fir d'éischt mat 0-8 doheem, du mat 0-13 am Stadion vu Stamford Bridge. D'Goldifferenz vun 0-21 an nëmmen enger Ronn ass bis haut trauregen Negativrekord vun enger Veräinsekipp bei europäesche Kompetitiounen.

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1971/72 EP Pokalgewënner VR   Chelsea F.C. 0-8, 0-13

{{{1}}}

Um Spaweck änneren

  Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20   
Jeunesse Kanech | US Esch | FC RM Hamm Benfica | Swift Hesper | FC Jeunesse Jonglënster | UN Käerjeng 97 | FC Mamer 32 | FC Blo-Wäiss Miedernach  | Union Mäertert-Waasserbëlleg | US Rëmeleng | FC Monnerech | FC Alisontia Steesel | Yellow Boys Weiler zum Tuer | FC Wolz 71