Tontelange

Sektioun vun der belscher Gemeng Atert
(Virugeleet vu(n) Tontel)

Tontelange ass eng Uertschaft an der Gemeng Atert, am Areler Land an der Provënz Lëtzebuerg. Op lëtzebuergesch gëtt afhängeg vun der lëtzebuergescher Sproochweis Tontel oder Tountel gesot. Op Wallounesch ass et Tontlindje.

Tontelange
lb: Tontel
Strooss zu Tontel
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Atert
Koordinaten 49° 43’ 34’’ N
      05° 48’ 30’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6717

D'Uertschaft läit op der belsch-lëtzebuergescher Grenz a stéisst un dat lëtzebuergescht Duerf Uewerpallen an der Gemeng Biekerech. Nopeschdierfer an der Belsch si Bonnert, Atert a Metzert.

Atert
Metzert Uewerpallen
Bonnert

Geschicht änneren

Tontel war bis an de 70er Joren e klengt Bauerennascht dat sech awer an der Lescht zur Residenz vu ville Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen entwéckelt huet. Dat ganzt Duerf gouf och an de leschte Jore verschéinert an déi al Strukture sinn iwwerall do wou et méiglech war erhale bliwwen.

Déi kleng belsch-lëtzebuergesch Baach Pall huet do op der aler Millen Platinerie oder Platinerei hir Quell.

Tontelange hat 1859 gefrot fir eng eege Gemeng ze ginn, an de 7. Abrëll 1865 war et sou wäit an Gemeng huet aus den zwou Sektiounen Tontelange a Metzert, dat vun Heinsch ofgespléckt gi war, zesummegesat. Dëst ass sou bliwwe bis zur belscher Gemengerform vun 1977, wéi Tontel bei d'Gemeng Atert koum.

Um Spaweck änneren

Commons: Tontelange – Biller, Videoen oder Audiodateien
left

Galerie änneren

1914-1918 änneren

Krichsmonument um Kierfecht vun Tontel, Erënnerung un déi 12 Resistenzler déi den 1. September 1944 vun der Gestapo erschoss goufen änneren

Tontel (B) an Uewerpallen (L) - n° 121 änneren

  Uertschaften an der Gemeng Atert  

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Beierchen · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler