D'Vire ass eng belsch Baach am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg. D'Vire huet keng eege Quell. Si huet den Numm nom Zesummelaf vun der Batte a vum Ruisseau de Cussigny bei Signeulx an der Gemeng Musson op enger Héicht vun 230 Meter.

Vire
D'Vire bei Saint-Remy
Längt 14 km
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Originn
Originn Zesummelaf vun der Batte
an dem Ruisseau de Cussigny
Plaz Signeulx
Konfluenz
Leeft an den Ton
Plaz Vieux-Virton
Geographie
Land Belsch

Se leeft vun do aus no Westen, laanscht oder duerch d'Uertschaften Latour, a Chenois, fir zu Vieux-Virton bei Saint-Mard an den Ton ze lafen. Si ass ronn 14 km laang.