Tom Clancy
Den Tom Clancy (Thomas Leo Clancy Jr.), gebuer den 12. Abrëll 1947 zu Baltimore, Maryland, USA, a gestuerwen den 1. Oktober 2013, war en US-amerikanesche Schrëftsteller, deen haaptsächlech fir seng Polit-Thrillere bekannt ass.
Tom Clancy | |
---|---|
Gebuertsnumm | Thomas Leo Clancy, Jr. |
Gebuer |
12. Abrëll 1947 Baltimore |
Gestuerwen |
1. Oktober 2013 Baltimore |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Saachbuchauteur, Prosaist, Dréibuchauteur |
Partei | Republican Party |
Den Tom Clancy huet laang an den Assurance geschafft ier hie säin éischt Buch The Hunt for Red October geschriwwen huet. D'Buch gouf direkt e Risenerfolleg, geneesou wéi d'Verfilmung mam Sean Connery an der Haaptroll. Vun do un huet den Tom Clancy weider geschriwwen an all seng Bicher bleiwen iwwer Wochen op den éischte Plazen an den internationale Bestsellerlëschten. All d'Verfilmunge mam Harrison Ford an der Roll vum Jack Ryan haten Erfolleg.
Bibliographie
ännerenRomaner
änneren- 1984: The Hunt For Red October
- 1986: Red Storm Rising
- 1987: Patriot Games
- 1988: The Cardinal of the Kremlin
- 1989: Clear and Present Danger
- 1991: The Sum of All Fears
- 1993: Without Remorse
- 1994: Debt of Honor
- 1996: Executive Orders
- 1998: Rainbow Six
- 2001: The Bear and The Dragon
- 2002: Red Rabbit
- 2003: The Teeth Of The Tiger
Sachbicher
änneren- 1993: Submarine
- 1994: Armored Cav
- 1995: Fighter Wing
- 1996: Marine
- 1997: Into the Storm - A Study in Command
- 1997: Airborne
- 1999: Carrier
- 1999: Every Man a Tiger
- 2001: Special Forces
- 2002: Shadow Warriors
- 2004: Battle Ready
Bicherserien
ännerenDës Bicher si just ënner dem Tom Clancy sengem Numm publizéiert ginn an nëmmen deelweis oder guer net vun him selwer geschriwwen. Si entspriechen awer sengem Stil a sengen Iddien.
Filmer
ännerenTëlee
änneren- An der Simpsons-Episode Diatribe of a Mad Housewife (Season 15 No 10 vum 25. Januar 2004) schreift d'Marge e Roman a kritt de Réck vu bekannte Schrëftsteller gestäipt, dem Tom Clancy an dem Thomas Pynchon, déi sech selwer "spillen".
Videospiller
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Tom Clancy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Bicher vum Tom Clancy |
---|
Fiktioun: Net-Fiktioun: |