D'Buch Executive Orders vum Tom Clancy (op Däitsch: Befehl von oben) ass e Polit-Thriller den am Joer 1996 erauskomm ass.

Et ass deen achten Roman, nom Debt of Honor, aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan, chronologesch gesinn ass et awer den néngten aus der Serie.

Beschreiwung änneren

D'USA si vun enger politescher Katastroph betraff. Eng japanesch Boeing 747 huet de Kapitol zu Washington zerstéiert. Jiddwereen den an der amerikanescher Politik ganz uewe stoung, ass doud: de President an d'First Lady, all d'Membere vum ieweschte Geriichtshaff a bal all d'Senatoren an d'Deputéiert.

Den Jack Ryan, dee viru kuerzem zum Vice president ernannt gouf, steet virun enger politescher prekärer Situatioun. Säi Virgänger gëtt vun de Medien, wéinst engem Sexskandal, staark ugegraff. D'Aussepolitik ass am Moment brisant: China an Taiwan sti sech mat militäreschen Ugrëff géintiwwer, den Iran wëll un d'Weltmuecht, déi iranesch Arméi greift Saudiarabien un an den Ayatollah Daryaei wëll déi gréisst amerikanesch Stied vernichten an d'Bevëlkerung mat engem Ebolavirus infizéieren.

Ausgaben änneren

Bicher vum Tom Clancy

Fiktioun:
1980: The Hunt for Red October | Red Storm Rising | Patriot Games | The Cardinal of the Kremlin | Clear and Present Danger
1990: The Sum of All Fears | Without Remorse | Debt of Honor | Executive Orders | SSN | Rainbow Six
2000: The Bear and the Dragon | Red Rabbit | The Teeth of the Tiger


Net-Fiktioun:
1990: Submarine | Armored Cav | Fighter Wing | Marine | Into the Storm | Airborne | Carrier | Every Man a Tiger
2000: Special Forces | Shadow Warriors | Battle Ready