D'Buch The Sum of All Fears vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller den am Joer 1991 erauskomm ass.

Beschreiwung änneren

De Roman ass e vu villen aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan. Eng seltsam Entdeckung am Noen Oste léist e Konflikt aus, deen zu enger internationaler Katastroph kéint féieren. En neit Kapitel am Kale Krich huet ugefaangen an den Jack Ryan, e Geheimagent aus den USA, zoustänneg fir Top-Secret-Fäll, muss sech der Saach unhuelen. Hie muss praktesch e Kampf ouni gutt Aussiichte géint d'Zäit féieren an d'Fro stellt sech wie gewënnt: d'Vernonft oder de Vernichtungswahn.

Verfilmung änneren

Dëse Roman gouf am Joer 2002 ënner dem selwechten Numm (op Däitsch: Der Anschlag) verfilmt mat an den Haaptrollen de Ben Affleck als Jake Ryan an de Morgan Freeman.

Ausgaben änneren

  • Orginalausgab: G.P.Putnam's Sons, New York, 1991;
  • Däitsch Ausgab: Das Echo aller Furcht, München 1992; ISBN 3-442-45647-9
Bicher vum Tom Clancy

Fiktioun:
1980: The Hunt for Red October | Red Storm Rising | Patriot Games | The Cardinal of the Kremlin | Clear and Present Danger
1990: The Sum of All Fears | Without Remorse | Debt of Honor | Executive Orders | SSN | Rainbow Six
2000: The Bear and the Dragon | Red Rabbit | The Teeth of the Tiger


Net-Fiktioun:
1990: Submarine | Armored Cav | Fighter Wing | Marine | Into the Storm | Airborne | Carrier | Every Man a Tiger
2000: Special Forces | Shadow Warriors | Battle Ready