The Very Last Cha Cha Cha

The Very Last Cha Cha Cha ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer de leschte Concert vun der lëtzebuergesch Rockband Taboola Rasa.

The Very Last Cha Cha Cha
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2000
Dauer 45 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch, Däitsch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Schnëtt Amin Jaber, Thierry Tormena
Produktiouns-
gesellschaft
Rattlesnake Pictures[1]
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film dokumentéiert de leschte Concert vun der Band Taboola Rasa ëm d'Museker Thierry van Werveke a Serge Tonnar am Juni 1999 am Stater Atelier. Gewise ginn och d'Prouwen an Interview-Extraiten. Et si siwe Lidder vun der Band ze héieren.[2]

Soss änneren

De Film ass schwaarz-wäiss gedréint.

E koum am Dezember 2000 als Deel vun der Serie "Films Made in Luxembourg" vum CNA op Kassett (VHS) erauskomm.[3]

De Schauspiller Thierry van Werveke huet a ville Produktioune vum Andy Bausch matgewierkt. Mat Inthierryview huet de Bausch 2008 nach een aneren Documentaire iwwer de Werveke an de Kino bruecht. Och de Serge Tonnar ass e reegelméissege Kollaborateur vum Andy Bausch an huet fir vill vu senge Filmer d'Filmmusek geschriwwen.

Wat sot d'Press? änneren

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land, 14. Dezember 2000:[2]

Mais on ne comprend pas vraiment pourquoi Andy Bausch a fait ce film. Tout le long, il scrute le visage de Thierry van Werveke, de façon a devenir même collant, de se faire voyeur [...] Ni actuel, ni inventif, ni vraiment original ou esthétique, The Very Last Cha Cha Cha ne convainc guère. Surtout venant d'un vieux routier comme Andy Bausch.

woxx Magazine, 22. Dezember 2000, p. 568:[4]

C'était leur dernier et leur plus mauvais concert. Thierry van Werweke and Taboola Rasa n'étaient pas en forme ce soir−là à l'Atelier. Andy Bausch n'a donc utilisé que des bouts de ce qu'il a filmé alors, pour ce Very Last Cha Cha Cha. Le réalisateur illustre en fait une interview de Thierry van Werwerke et de Serge Tonnar − les principaux responsables de toute l'entreprise − avec ce concert, ainsi que des images de répétitions et de "vidéo−clip" en noir et blanc; deux couleurs qui vont très bien à ces mecs−là. Le résultat se laisse voir, ayant la qualité d'un bon reportage télé. Grâce à Thierry, l'interview ne tourne jamais trop au sérieux. Un peu plus de musique aurait été sympa. Quand même: un beau témoignage sur ce qui aura été l'une des meilleures formations luxembourgeoises jamais gravées sur CD.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Filmdaten op webartproject.de/ab
  2. 2,0 2,1 land.lu: Docu-fictions bien de chez nous vum Josée Hansen (14. Dezember 2000)
  3. Reklamm fir d'Kassett am Lëtzebuerger Land, 15. Dezember 2000, Säit 12
  4. Lauter wëll Männer, woxx Magazine, 568 22/12/2000, Säit 10