Den Théodore Decker, gebuer den 3. November 1851 an der Fiels, gestuerwen den 9. Oktober 1930 zu Vannes a Frankräich, war e lëtzebuergeschen Däitsch- Englesch- a Museksprofesser, Organist a Komponist vu geeschtlecher Musek.

Théodore Decker
Gebuer 3. November 1851
Fiels
Gestuerwen 9. Oktober 1930
Vannes
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Organist, Sproocheprofesser, Musekspedagog

Liewen änneren

No sengem Studium an der Normalschoul war hie fir eng kuerz Zäit Schoulmeeschter zu Déifferdeng. Hien ass dunn a Frankräich als Däitschprofesser op Saint-Malo gaangen an huet sech 1877 mat engem englesche Meedchen, deem hie Musekstonne ginn huet, bestuet. Si kruten zesumme 14 Kanner.

1881 si s'op Vannes an d'Bretagne geplënnert, wou hien 49 Joer laang, am Collège Saint-François Xavier, Däitsch- an Engleschprofesser war. Ofgesi vu senge Sproochcoursen am Kolléisch huet hie wärend 40 Joer de Seminaristen Uergel- a Gesangcourse ginn, a war Dirigent vun der lokaler Harmonie des ouvriers et apprentis.

Wärend där ganzer Zäit huet hien eng Abberzuel vu Lidder op Franséisch, Bretonesch a Lëtzebuergesch komponéiert. Eng Rei vu senge Wierker goufen an Organistekreesser beschtens bekannt. En englesche Verlag huet him souguer d'Rechter vu verschiddene vu senge Wierker ofkaf. Dat bekanntst ass wuel säi "Lauda Jerusalem", den dacks vun de Pilger an de Pressessiounen zu Lourdes gesonge gëtt.

No um Liewensenn huet den Théodore Decker nach 115 lëtzebuergesch Lidder op Gedichter vum Willy Goergen komponéiert[1].

D'Stad Vannes huet him zu Éieren eng Plaz genannt, d'Place Théodore-Decker.

Literatur änneren

  • Anonyme, 1930. Théodore Decker. Luxemburger Wort vum 20 Oktober 1930.
  • Heintz, Joseph, 1990. Der Komponist Theodor Decker: Auszüge aus seinem Leben und Werk. 40e anniversaire de la Chorale Sängerfrënn, pp. 141–142. Larochette.
  • Mayeur, Jean Marie, Yves Marie Hilaire, Michel Lagrée, 1990. Dictionnaire du monde religieux dans la France contemporaine, Band 3: 108 - 109. Verlag?
  • Moisan, André, 2008. Théodore Decker, musicien vannetais (1851 - 1930). Vannes: Société polymathique du Morbihan, 2008. Bulletin et mémoires de la Société polymathique du Morbihan, t. CXXXIV: 531-552.

Referenzen änneren

  1. Cf. S. 211 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.