Magritte du cinéma

belsche Filmpräis

D'Magritte du cinéma sinn e belsche Filmpräis. D'Auszeechnung gëtt zënter 2011 all Februar wärend enger Zeremonie zu Bréissel verdeelt.

Logo vun de Magritte du cinéma

Et ass de Filmpräis vun der franséischsproocheger belscher Filmindustrie. De flämesche Pendant sinn d'Ensors, deenen hir Zeremonie all Joer am Januar organiséiert gëtt. Schonn tëscht 1986 an 2005 gouf et e gemeinsame belsche Filmpräis, de Prix Joseph-Plateau.

De Präis ass nom belsche Moler René Magritte benannt.

D'Membere vun der belscher Filmakademie Académie André Delvaux wielen d'Nominéiert an d'Gewënner an den insgesamt 23 Kategorien.

Linken änneren