Taruntius (Moundkrater)

Moundkrater

Den Taruntius ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit, tëscht dem Mare Tranquillitatis an dem Mare Fecunditatis, südëstlech vum Krater Da Vinci an nordëstlech vum Krater Secchi. De Kraterrand ass onreegelméisseg an erodéiert, den Zentrum huet konzentresch Strukturen an d'Rimae Taruntius, eng Rill,

Taruntius
Den Taruntius a seng Niewekrateren (LROC-WAC)
Koordinaten 5°30'0"N, 46°32'24"O
Duerchmiesser 57,3 km
Déift 1.000 m
Selenographesch Längt 314° bei Sonnenopgank
Genannt no Lucius Tarrutius
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ13
Foto: Apollo 15.

Südlech vum Krater lafen a radialer Richtung vum Krater ewech d'Dorsa Cato an d'Dorsum Cushman an a südëstlecher Richtung d'Catena Taruntius.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 3,29° N, 46,66° O7 7 km [1]
F 3,91° N, 40,5° O7 10 km [2]
H 0,34° N, 49,87° O7 9 km [3]
K 0,66° N, 51,56° O7 6 km [4]
L 5,44° N, 44,51° O7 15 km [5]
O 2,19° N, 54,35° O7 6 km [6]
P 0,08° N, 51,58° O7 7 km [7]
R 6,14° N, 47,85° O7 5 km [8]
S 4,83° N, 42,34° O7 5 km [9]
T 3,6° N, 47,4° O7 4 km [10]
U 5,52° N, 50,11° O7 9 km [11]
V 4,42° N, 49,8° O7 20 km [12]
W 5,4° N, 49,05° O7 17 km [13]
X 7,81° N, 52,94° O7 23 km [14]
Z 7,55° N, 44,87° O7 19 km [15]

Kraterëmbenennungen änneren

Taruntius A = Asada / Taruntius C = Cameron / Taruntius D = Watts Taruntius E = Zähringer / Taruntius G = Anville / Taruntius M = Lawrence Taruntius N = Smithson.

Den Haaptkrater gouf 1935 vun der I.A.U. nom réimeschen Astrolog Lucius Tarrutius genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren