Lawrence (Moundkrater)

Moundkrater

De Lawrence ass en Aschlagkrater am Gebitt tëscht dem Mare Tranquillitatis am Weste an nordwestlech vum Mare Fecunditatis. De Krater Taruntius läit a südëstlecher Richtung. D'Rima Cauchy passéiert den ëstlechen Deel vum Mare Tranquillitatis a reecht bis zum Nordrand vum Lawrence.

Lawrence
De Krater Lawrence (uewe lénks) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 7°21'0"N, 43°18'0"O
Duerchmiesser 24 km
Déift 850 m[1]
Selenographesch Längt 317° bei Sonnenopgank
Moundvéiereck LQ12
De Krater Lawrence, Foto:Apollo 15

De Lawrence gouf vu Lava iwwerschwemt, sou datt nëmmen en niddrege Rank vum fréiere Kraterrand iwwer d'Uewerfläch kuckt. Dëse Rand huet Duerchbrëch am Norde an Südweste op, wärend den Ostdeel zimmlech erhale bliwwen ass.

De Krater gouf am Joer 1973 vun der I.A.U. nom Physiker Ernest O. Lawrence (1901–1958) an dem Astronaut Robert Henry Lawrence, Jr. (1935–1967) genannt. Virun der Ëmbenennung zu Lawrence war seng Bezeechnung 'Taruntius M'.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 278