Zähringer (Moundkrater)

Moundkrater

Den Zähringer ass e klengen Aschlagkrater no beim südëstleche Rand vum Mare Tranquillitatis. Am Nordoste läit dee vu Lava iwwerschwemmte Krater Lawrence an a südëstlecher Richtung d'Secchi-Bierger mam Krater Secchi, deen hinnen den Numm gëtt. Weider am Osten ass de grousse Krater Taruntius.

Zähringer
De Krater Zähringer (lénks uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 5°30'36"N, 40°12'36"O
Duerchmiesser 11,2 km
Selenographesch Längt 320° bei Sonnenopgank
Genannt no Joseph Zähringer
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ11
De Krater Zähringer, Foto: Lunar Orbiter 1.

Den Zähringer huet eng kreesronn, schosselaarteg Form an huet am Zentrum e klenge Kraterbuedem. Erosiounspuere vu spéideren Aschléi si keng do.

De Krater gouf am Joer 1976 vun der I.A.U. nom Josef Zähringer (1929–1970) genannt. Virdru war seng Bezeechnung 'Taruntius E'.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren