Superodontella euro
Superodontella euro | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Superodontella euro Weiner & Stomp, 2003 |
D'Superodontella euro ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Gattung Superodontella an der Famill vun den Odontellidae. Se gouf 2003 vun den Zoologe Wanda Maria Weiner (Polen) an Norbert Stomp (Lëtzebuerg) als nei Aart beschriwwen, an zwar unhand vu Material, dat 1998 vun der Melanie Cardew an der Evelyne Carrières am Schnellert bei Bäerdref gesammelt gi war. Den Aartennumm ass en Hommage un den Euro, deen am Joer 2002 an den Ëmlaf koum, an deem Joer, wou d'Auteuren domat beschäftegt waren, den Text vum Artikel, an deem se déi nei Aart beschriwwen hunn, ze redigéieren.[1][2]
Et ass eng Aart déi als endeemesch zu Lëtzebuerg ugesi gëtt.[2]
Literatur
änneren- Weiner, W.M & N. Stomp, 2003. Superodontella euro n. sp.: a new species of Collembola (Odontellidae) from Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 103, S. 69-72.
Referenzen
änneren- ↑ http://www.biolib.cz/en/taxon/id413542/
- ↑ 2,0 2,1 Weiner & Stomp 2003.