D'Solvay-Konferenzen (och alt Solvay-Kongress, -Conseil oder -Comité genannt) si wëssenschaftlech Konferenzen an de Beräicher Physik a Chimie, déi zanter 1911 an ënnerschiddlechen Ofstänn (zanter dem 2. Weltkrich: gewéinlech all dräi Joer) organiséiert ginn. Si goufen nom belsche Cheemiker an Industriellen Ernest Solvay genannt, deen déi éischt Konferenz gesponsert hat, an och Mäzen vu weidere Konferenze war, déi vum Institut international de physique et de chimie, dat hie gegrënnt hat, organiséiert goufen.

Déi éischt Solvay-Konferenz fir Physik, 1911.
v.l.n.r.; am Sëtzen: Walther Nernst, Marcel Brillouin, Ernest Solvay, Hendrik Lorentz, Emil Warburg, Jean Baptiste Perrin, Wilhelm Wien, Marie Curie an Henri Poincaré.
am Stoen : Robert Goldschmidt, Max Planck, Heinrich Rubens, Arnold Sommerfeld, Frederick Lindemann, Maurice de Broglie, Martin Knudsen, Friedrich Hasenöhrl, Georges Hostelet, Édouard Herzen, James Jeans, Ernest Rutherford, Heike Kamerlingh Onnes, Albert Einstein a Paul Langevin.

D'Iddi geet op de Walther Nernst zeréck, deen 1910 en internationale Kongress vu (maximal 25) Physiker um héchsten Niveau wollt organisieren, fir déi fundamental Problemer vun der Physik ze diskutéieren. Op der éischter Solvay-Konferenz vun 1911 koum dann och déi deemoleg Weltspëtzt vun den experimentellen an den theoreetesche Physiker zesummen. Duerch déi Konferenze koum et zu wichtege Fortschrëtter an der Quantemechanik.

Déi éischt iwwer d'Theorie vun der Stralung a Quante war vum 30. Oktober bis den 3. November 1911 am Hôtel Métropole zu Bréissel.

Solvay-Konferenze fir Physik änneren

Konferenz Joer Theema President
1. 1911 La théorie du rayonnement et les quanta
D'Theorie vun der Stralung an d'Quanten
Hendrik Antoon Lorentz
(Leiden)
2. 1913 La structure de la matière
(D'Struktur vun der Matière)
Hendrik Antoon Lorentz
(Leiden)
3. 1921 Atomes et électrons
(Atomer an Elektronen)
Hendrik Antoon Lorentz
(Leiden)
4. 1924 Conductibilité électrique des métaux et problèmes connexes
(Elektresch Leetfähegkeet vun de Metaller)
Hendrik Antoon Lorentz
(Leiden)
5. 1927 Electrons et photons
(Elektronen a Photonen)
Hendrik Antoon Lorentz
(Leiden)
6. 1930 Le magnétisme
(Magnetismus)
Paul Langevin
(Paräis)
7. 1933 Structure et propriétés des noyaux atomiques
(Struktur vun den Atomkären)
Paul Langevin
(Paräis)
8. 1948 Les particules élémentaires
(Elementär Partikelen)
Lawrence Bragg
(Cambridge)
9. 1951 L'état solide
(Festkieper)
Lawrence Bragg
(Cambridge)
10. 1954 Les électrons dans les métaux
(Elektronen a Metallen)
Lawrence Bragg
(Cambridge)
11. 1958 La structure et l'évolution de l'univers
(Struktur an Entwécklung vum Universum)
Lawrence Bragg
(Cambridge)
12. 1961 La théorie quantique des champs
(Quantefeldtheorie)
Lawrence Bragg
(Cambridge)
13. 1964 The Structure and Evolution of Galaxies
(Struktur an Entwécklung vun de Galaxien)
Robert Oppenheimer
(Princeton)
14. 1967 Fundamental Problems in Elementary Particle Physics
(Fundamental Problemer vun der Physik vun de Partikelen)
Christian Møller
(Kopenhagen)
15. 1970 Symmetry Properties of Nuclei
(Symmetrie-Proprietéite vun Atomkären)
Edoardo Amaldi
(Rom)
16. 1973 Astrophysics and Gravitation
(Astrophysik a Gravitatioun)
Edoardo Amaldi
(Rom)
17. 1978 Order and Fluctuations in Equilibrium and Nonequilibrium Statistical Mechanics
(Uerdnung a Fluktuatiounen an der Gläichgewiichts- an Netgläichgewiichts-Thermodynamik)
Léon Van Hove
(CERN)
18. 1982 Higher Energy Physics
(Héichenergiephysik)
Léon Van Hove
(CERN)
19. 1987 Surface Science
(Uewerflächephysik) [zesumme mat der Solvay-Konferenz fir Chimie]
F. W. de Wette
(Austin)
20. 1991 Quantum Optics
(Quantenoptik)
Paul Mandel
(Bréissel)
21. 1998 Dynamical Systems and Irreversibility
(Dynamesch Systemer an Irreversibilitéit)
Ioannis Antoniou
(Bréissel)
22. 2001 The Physics of Communication[1]
(Physik vun der Kommunikatioun)
Ioannis Antoniou
(Bréissel)
23. 2005 The Quantum Structure of Space and Time[2]
(Quantestruktur vu Raum an Zäit)
David Gross
(Santa Barbara)
24. 2008 Quantum Theory of Condensed Matter[3]
(Quantentheorie vun der Kondenséierter Matière)
Bertrand Halperin
(Harvard)
25. 2011 The theory of the quantum world[4]
(Theorie vun der Quantewelt)
David Gross
(Santa Barbara)
26. 2014 Astrophysics and Cosmology
(Astrophysik a Kosmologie)
Roger Blandford
(Stanford)
27. 2017 The physics of living matter: Space, time and information in biology
(D'Physik vu lieweger Matière: Raum, Zäit an Informatioun an der Biologie)
Boris Shraiman (Santa Barbara)

Galerie vu Physik-Konferenzen änneren

Solvay-Konferenze fir Chimie änneren

Konferenz Joer Theema President
1. 1922 Cinq Questions d'Actualite
(Fënnef aktuell Froen)
William Jackson Pope
(Cambridge)
2. 1925 Structure et Activité Chimique
(Cheemesch Struktur an Aktivitéit)
William Jackson Pope
(Cambridge)
3. 1928 Questions d'Actualite
(Aktuell Froen)
William Jackson Pope
(Cambridge)
4. 1931 Constitution et Configuration des Molécules Organiques
(Opbau a Konfiguratioun vun organesche Moleküllen)
William Jackson Pope
(Cambridge)
5. 1934 L'Oxygène, ses réactions chimiques et biologiques
(Sauerstoff, seng cheemesch a biologesch Reaktiounen)
William Jackson Pope
(Cambridge)
6. 1937 Les Vitamines et les Hormones
(Vitaminnen an Hormonen)
Fred Swarts
(Gand)
7. 1947 Les Isotopes
(D'Isotopen)
Paul Karrer
(Zürich)
8. 1950 Le Mécanisme de l'Oxydation
(De Mechanismus vun der Oxidatioun)
Paul Karrer
(Zürich)
9. 1953 Les Protéines
(D'Proteiner)
Paul Karrer
(Zürich)
10. 1956 Quelques Problèmes de Chimie Minérale
(Problemer vun der anorganescher Chimie)
Paul Karrer
(Zürich)
11. 1959 Les Nucléoprotéines
(D'Nukleoproteiner)
Alfred Ubbelohde
(London)
12. 1962 Transfert d'Energie dans les Gazs
(Energietransfer a Gasen)
Alfred Ubbelohde
(London)
13. 1965 Reactivity of the Photoexited Organic Molecule
(D'Reaktivitéit vum organesche Molekül op d'Liicht)
Alfred Ubbelohde
(London)
14. 1969 Phase Transitions
(Phaseniwwergäng)
Alfred Ubbelohde
(London)
15. 1972 Electrostatic Interactions and Structure of Water
(Elektrostatesch Interaktiounen a Struktur vum Waasser)
Alfred Ubbelohde
(London)
16. 1976 Molecular Movements and Chemical Reactivity as conditioned by Membranes, Enzymes and other Molecules
(Molekulär Beweegungen a cheemesch Reaktivitéit bedingt duerch Membranen, Enzymer an aner Moleküller)
Alfred Ubbelohde
(London)
17. 1980 Aspects of Chemical Evolution
(Aspekter vun der cheemescher Evolutioun)
Alfred Ubbelohde
(London)
18. 1983 Design and Synthesis of Organic Molecules Based on Molecular Recognition
(Design a Synthes vun organesche Moleküller op der Basis vun der Molekülerkennung)
Ephraim Katchalski
(Rehovot, Israel)
Vladimir Prelog
(Zürich)
19. 1987 Surface Science
(Uewerflächechimie) [zesumme mat der Solvay-Konferenz fir Physik]
Frederik W. de Wette
(Austin)
20. 1995 Chemical Reactions and their Control on the Femtosecond Time Scale
(Cheemesch Reaktiounen an hir Steierung op der Femtosekonnen-Zäitskala)
Pierre Gaspard
(Bréissel)
21. 2007 From Noncovalent Assemblies to Molecular Machines
(Vun netkovalenten Zesummestellungen zu molekulare Maschinnen)
Jean-Pierre Sauvage
(Stroossbuerg)
22. 2010 Quantum Effects in Chemistry and Biology
(Quanteneffekter an der Chimie an der Biologie)
Graham Fleming
(Berkeley)
23. 2013 New Chemistry and New Opportunities from the Exapanding Protein Universe
(Nei Chimie an nei Chancen aus dem Proteinuniversum dat expandéiert)
Kurt Wüthrich
(ETH Zürich)
24. 2016 Catalysis in Chemistry and Biology
(Katalys an der Chimie an der Biologie)
Kurt Wüthrich
(ETH Zürich)
25. 2019

Literatur änneren

  • P. Marage, G. Wallenborn: Les conseils Solvay et la physique moderne. In: Robert Halleux, Jan Vanndermissen, A. Despy-Mayer, G. Vanpaemel (Hrsg.): Histoire des Sciences en Belgique, 1815–2000. Band 2, 2001, S. 109–121 (online; PDF; 219 kB)
  • Pierre Marage, Grégoire Wallenborn (Hrsg.): The Solvay Councils and the Birth of Modern Physics (= Science Networks. Historical Studies, Book 22). Birkhäuser, Basel 1999, ISBN 3-7643-5705-3.
  • Walther Nernst: Anwendung der Quantentheorie auf eine Reihe physikalisch-chemischer Probleme. Solvay Kongress. Band 3, 1911, S. 208–244. Abhandlung der Deutschen Bunsen-Gesellschaft fur angewandte physikalische Chemie.
  • Die Theorie der Strhalung und der Quanten. Verhandlungen auf einer von E. Solvay einberufenen Zusammenkunft (30. Oktober bis 3. November 1911). Verlag von Wilhelm Knapp, Halle a. S. 1914.

Um Spaweck änneren

Commons: Solvay-Konferenz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Proceedings of the 22nd Solvay Conference on Physics, Delphi and Lamia, Greece, 24-29 November 2001
  2. Proceedings of the 23rd Solvay Conference on Physics, Brussels, Belgium, 1-3 December 2005
  3. Proceedings of the 24th Solvay Conference on Physics, Brussels, Belgium, 2008
  4. Proceedings of the 25th Solvay Conference on Physics, Brussels, Belgium, 19-22 October 2011