Hormoner si Signalstoffer, déi verschidde kierperlech Prozesser bei méizellegen Organismusse reguléieren. Bei Wierbeldéiere ginn Hormoner an der Reegel vun Drüsen ausgeschott an iwwer de Bluttkreeslaf bei d'Zelle vum viséierten Organ transportéiert. An der Reegel hu si eng stimuléierend, heiansdo och eng hemmend Wierkung op déi Zilzellen. Eng Charakteristik vun den Hormoner ass, datt d'Plaz vum Wierke relativ wäit vun der Plaz vun der Fräisetzung ewech läit.

Déi chemesch Struktur vum Adrenalin, engem Hormon.
E Video op Däitsch, dee beschreift wéi en Impakt d'Hormon Melatonin op de mënschlechen Dag-Nuecht-Rhythmus huet.

D'Wëssenschaft, déi sech mat den Hormoner befaasst, heescht Endokrinologie a gehéiert zur Physiologie. D'Wuert Hormon leet sech vum griicheschen hormáo of, wat esou vill wéi "a Beweegung setzen" bedeit.

Et gëtt vill divers Verbindungen, déi als Hormoner agestuuft kënne ginn. Zu de bekanntste Gruppe vun Hormoner gehéieren d'Steroiden (wéi den Östrogen), d'Aminosaierderivater (wéi den Adrenalin an den Auxin), d'Eicosanoiden, d'Peptiden (wéi den Insulin) a Gaser wéi den Ethylen. Bei Déieren a beim Mënsch sinn déi Verbindunge fir déi intern Steierung vu Prozesser wéi dem Stoffwiessel, der Verdauung, der Perceptioun vun de Sënner, dem Schlof, der Beweegung an dem Verhalen verantwortlech. Bei Planze sinn Hormoner virun allem fir de Wuesstem an d'Entwécklung wichteg.

Op molekularem Niveau sinn Hormoner Signalmoleküllen, déi duerch d'Bannen un e spezifeschen Hormonrezeptor op déi viséiert Zelle wierken. An der Zell gëtt dann e Signalmechanismus ausgeléist, deen zu enger biologescher Reaktioun féiert - wéi zum Beispill enger Hausse vum Bluttzockerspigel. Réckkopplungsmechanismusse schafen e Gläichgewiicht.

Stéierunge vum endokrinne System kënnen d'Basis vun enger Rei Krankheete sinn, zum Beispill dem Diabeetes oder enger Iwwerfunktioun vun der Schilddrüs. E puer Hormoner ginn als Medikament formuléiert.

Um Spaweck

änneren
Commons: Hormoner – Biller, Videoen oder Audiodateien