D'Burbacher Schmelz war eng Schmelz zu Burbach am Saarland an eng vun den dräi Schmelzen déi 1911 der Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange (ARBED) hiren Numm ginn hunn.

Grënnung änneren

Den 22. Juni 1856 gouf d'Société en participation des Forges de Sarrebruck ënner anerem vun de Belsch Victor Tesch an Nicolas Berger gegrënnt. Si huet zu Burbach, zanter 1909 en Deel vu Saarbrécken, wou et Kuel gouf, eng Schmelz mat Héichiewen, Puddleriewen, engem Walzwierk fir Zuchschinnen an enger Kockerei gebaut. Den Äerz koum vun Esch-Uelzecht.

1862 huet d'Gesellschaft sech an d'Société anonyme des Mines du Luxembourg et des Forges de Sarrebruck ëmbenannt an hiert Kapital weider opgemaach. Et waren déi zwou Kéiere Gesellschaften no belschem Droit. Och d'Gesellschaft Auguste Metz & Cie vun Eech ass mat ageklomm. 1863 stounge véier Héichiewen zu Burbach an et goufen 65 Tonne Goss am Dag produzéiert.

Entwécklung änneren

D'Société anonyme des Mines du Luxembourg et des Forges de Sarrebruck huet 1870 beschloss zesumme mat der Société en commandite des Forges d'Eich, Metz & Cie eng Schmelz zu Esch-Schëffleng ze bauen, d'Metze Schmelz, déi haiteg ARBED Schëffleng. Et war och eng Reaktioun op nei gesetzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg. D'Hallschent vum Goss ass awer weider op Burbach gaange fir weiderverschafft ze ginn.

Och wann d'Haaptaktionäre vun der Burbacher Schmelz 1882 mat gehollef hunn d'Diddelenger Schmelz ze grënnen, gouf och zu Burbach weider investéiert. Vun 1891 un gouf Thomas-Stol produzéiert. 1909 stinn aacht Héichiewen zu Burbach. Et gëtt Träger, Drot an, zu Hostenbach, Blecher produzéiert. Dat Joer goufen 300.000 Tonne Goss produzéiert.

Grënnung vun der ARBED änneren

1911 gëtt d'Société anonyme des Mines du Luxembourg et des Forges de Sarrebruck an also och d'Burbacher Schmelz vu sengen Aktionären an d'ARBED abruecht.

Den 1. Juli 1971 fusionéiert d'ARBED d'Burbacher Schmelz mat der Völklinger Hütte réckwierkend op den 1. Januar 1971 an hält 50 % am neie Grupp Stahlwerke Röchling-Burbach GmbH. Dës Joren an och déi duerno sinn duerch grouss Restrukturatione markéiert.

D'Flëssegphas vun der Burbacher Schmelz gouf den 31. Dezember 1977 zougemaach.

Am 21. Joerhonnert änneren

Am Ufank vum 21. Joerhonnert funktionéiert nach eng Drotwalzstrooss zu Burbach déi zur Saarstahl AG gehéiert.

Quellen änneren

Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum