Jacques Feyder (Filmregisseur)
franséische Filmregisseur
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Cinematograph. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Jacques Feyder. |
De Jacques Feyder, gebuer den 21. Juli 1885 zu Ixelles an der Belsch, a gestuerwen de 24. Mee 1948 zu Prangins an der Schwäiz, war e franséisch-belsche Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
Jacques Feyder | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1885 Ixelles |
Gestuerwen |
24. Mee 1948 Prangins |
Nationalitéit | Frankräich, Belsch |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Schauspiller, Filmschauspiller, Filmproduzent, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Françoise Rosay |
Kanner | Paul Feyder, Bernard Farrel |
Vun 1912 bis 1916 war de Jacques Feyder haaptsächlech als Schauspiller aktiv. Als Filmregisseur huet hie säin éischte Film am Joer 1916 gedréint a Filmer mat bekannte Schauspiller wéi Greta Garbo, Marlene Dietrich, Ramon Novarro a Michèle Morgan realiséiert. Als säi Meeschterwierk zielt de Film La kermesse héroique aus dem Joer 1935 mat senger Fra der Françoise Rosay an der Haaptroll.
Hie war vun 1917 bis zu sengem Doud mat der franséischer Schauspillerin Françoise Rosay bestuet.
Filmographie
ännerenStommfilmer (Auswiel)
änneren- 1921: L'Atlantide
- 1922: Crainquebille
- 1923: Das Bildnis
- 1925: Visages d'enfants
- 1926: Carmen
- 1926: Gribiche
- 1928: Thérèse Raquin
- 1929: Les nouveaux messieurs - Haaptacteuren: Albert Préjean, Gaby Morlay
- 1929: The Kiss - Haaptacteuren: Greta Garbo, Conrad Nagel
Tounfilmer
änneren- 1930: Le spectre vert - Haaptacteuren: André Luguet
- 1930: Olympia
- 1934: Si l'empereur savait ça - Haaptacteuren: André Luguet, Françoise Rosay
- 1930: Anna Christie - Haaptacteuren: Greta Garbo, Hans Junkermann
- 1931: Daybreak - Haaptacteuren: Ramon Novarro, Helen Chandler
- 1931: Son of India - Haaptacteuren: Ramon Novarro, Conrad Nagel
- 1934: Le grand jeu - Haaptacteuren: Marie Bell, Pierre Richard-Willm
- 1935: Pension Mimosas - Haaptacteuren: Françoise Rosay, Paul Bernard
- 1935: La kermesse héroique - Haaptacteuren: Françoise Rosay, Jean Murat
- 1936: Die klugen Frauen - Haaptacteuren: Françoise Rosay, Paul Hartmann
- 1937: Knight without armour - Haaptacteuren: Marlene Dietrich, Robert Donat
- 1938: Les gens du voyage - Haaptacteuren: Françoise Rosay, André Brulé
- 1938: Fahrendes Volk - Haaptacteuren: Françoise Rosay, Hans Albers
- 1940: La loi du nord - Haaptacteuren: Michèle Morgan, Pierre Richard-Willm
- 1942: Une femme disparait - Haaptacteuren: Claude Dauphin, Françoise Rosay
- 1946: Macadam - Regie zesumme mam Marcel Blistène - Haaptacteuren: Françoise Rosay, Simone Signoret