Adrien-Ries-Pad

sentier pédestre national Adrien-Ries
(Virugeleet vu(n) Sentier Adrien-Ries)


Den Adrien-Ries-Pad, offiziell Sentier pédestre national Adrien Ries, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.

Adrien-Ries-Pad
Den Däiwelselter bei Dikrech
Iwwersiicht vum Pad
vu(n) Ettelbréck
op Ettelbréck
Längt 50,80 km
déifste Punkt Bettenduerf
héchste Punkt Mäerzeg
Land Lëtzebuerg
féiert duerch Bettenduerf,
Colmer-Bierg,
Dikrech,
Ierpeldeng op der Sauer,
Ettelbréck,
Schieren,
Mäerzeg,
Feelen

Streck änneren

De Pad ass 50,80 km laang a féiert als Circuit ronderëm d'Nordstad, vun Ettelbréck op Ettelbréck. Den déifste Punkt (184,94 m) ass zu Bettenduerf an den héchsten (385,32 m) zu Mäerzeg (Useldenger Fréin)[1].

E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Ettelbréck, Ierpeldeng, Dikrech, Gilsdref, Bettenduerf, Gilsdref, Schieren, Colmer-Bierg, Schass (X CR305), Ettelbréck.

De Pad gouf am Joer 2008 provisoresch ugeluecht an hat deemools eng Längt vu 45 km[2]. 2012-2013 gouf en iwwerschafft an am Summer 2013 finaliséiert.

De Wanderwee ass nom fréiere Jurist, Ekonomist an Auteur Adrien Ries (1933-1991) genannt ginn, deen 1970 de Begrëff "Nordstad" an d'Welt gesat huet an 1973 dat éischt Konzept vun der Nordstad als drëtten Entwécklungspol vu Lëtzebuerg nieft der Stad Lëtzebuerg an der Regioun Esch-Uelzecht virgeluecht huet.

Biller änneren

Literatur änneren

  • Lamberty, John, 2019. Auf Gedankenwanderung mit Adrien Ries. Luxemburger Wort, 23. Juli 2019, S. 26 & 39.

Um Spaweck änneren

Commons: Adrien-Ries-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Informatiounen op Geoportail.lu
  2. Cf. den alen Depliant vum Adrien-Ries-Pad (2006) op nordstad.lu (de)