Schetzelbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Schetzelbaach ass eng kleng Baach zu Lëtzebuerg déi hir Quell op enger Héicht vun ca. 360 Meter (NG-L) am Gréngewald um Schetzelbur, um Gebitt vun der Gemeng Steesel huet. Et ass mat der Réngelbaach eng vun de Quellbaache vun der wäisser Iernz. D'Baach huet hiren Numm vum séilege Schetzel, deem seng Hiel ronn 200 m ewech läit.

Schetzelbaach
D'Schetzelbaach beim Schetzelbur am Gréngewald (Juli 2018)
Längt 2,4 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Gréngewald (Schetzelbur)
Héicht 360 m
Koordinaten 49° 39’ 57.4’’ N
      06° 11’ 21.5’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Wäiss Iernz
Plaz Flouer Fréinland, Heeschdref
Héicht 318 m
Koordinaten 49° 41’ 00.1’’ N
      06° 10’ 44.6’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Heeschdref

Vun der Quell aus leeft se no Nordwesten, an no ronn 500 Meter leeft op enger Héicht vun 343 Meter vu lénks d'Ditgesbaach dran.

Do dréint se no Norden, a leeft op enger Längt vu 1.400 Meter riets laanscht den CR119, fir um Lieu-dit Spatzlee d'Säit ze wiesselen an 300 Meter méi déif um Flouer Fréinland mat der Réngelbaach zesummenzelafen.

Ënnerwee lafen nach e puer kleng Baachen dran, an zwar:

  • vu lénks: de Kalflëssgen, an e Gruef dee vun der Hammbiersknupp kënnt.
  • vu riets: eng kleng Baach, déi aus der Griecht vum Dauwebur kënnt.

Biller änneren