Schabloun:WDS 2. September
- ... Südafrika offiziell 3 Haaptstied huet: Pretoria als Verwaltungshaaptstad, Kapstad als Regierungs- a Bloemfontein als Geriichts-Haaptstad?
- ... den Adrien Ries (1933-1991) am Joer 1970 de Begrëff Nordstad an d'Welt gesat huet, deen den urbane Ballungsraum ëm Dikrech an Ettelbréck bezeechent?
- … déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 300 Millioune Liter Sprit am Joer verkafen?
- … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
- ... an der Kierch vu Bäerdref, ënner dem Haaptaltor, ee réimesche Véiergëtterstee steet, mat der Minerva, der Juno, dem Apollo an dem Herkules drop?