… Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och "Manati" genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass, a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn, an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
... den Ötzi iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?
... vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
... dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
… d'Dreckswiss en Naturschutzgebitt an de Gemenge Käerjeng a Suessem ass, dat 71 ha Fiichtgebitt ëm d'Kuer ëmfaasst?