Schabloun:WDS 1. Februar B
- ... déi 35 Meter héich Dräifaltegkeetssail vun Olomouc am 18. Joerhonnert opgeriicht gouf, fir d'Enn vun enger Peschtepidemie ze éieren?
- ... den 1. Juni 1904 zu Lëtzebuerg d'Aueren 35 bis 37 Minutten no vir geréckelt goufen, wéi vun der Lokalzäit op déi Mëtteleuropäesch Zäit ëmgestallt gouf?
- ... een am Nationalpark Serra dos Órgãos dem Härgott säi Fanger bewonnere kann?
- ... zwee Joer, nodeem d'Fort Parkhöhe vun der Festung Lëtzebuerg fäerdeg gebaut war, feststoung, datt et nees misst ofgerappt ginn?
- ... den Uluru, am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark, mat enger Längt vu 4 ½ km, enger Breet vun 2 ½ km an enger Héicht vun 349 m, dee gréisste Monolith op der Äerd ass?