Schabloun:WDS 1. Abrëll
- ... e Reportage iwwer "Spaghettibeem" 1957 en Abrëllsgeck vun der BBC war, deen deemools vill fir richteg gehalen hunn?
- ... een am Bryce-Canyon-Nationalpark Honnerte vun Hoodooe bewonnere kann?
- ... d'Hinzerter Kräiz 1946 um Stater Nikloskierfecht opgeriicht gouf, fir un déi 82 Lëtzebuerger z'erënneren, déi am Zweete Weltkrich am SS-Sonderlager Hinzert an zu Köln-Klingelpütz higeriicht goufen?
- ... d'Ukulele en hawaiianescht Museksinstrument ass, deem seng Originnen op Madeira zeréckginn, vu wou portugisesch Imigranten et matbruecht haten?
- ... de Saz "Play it again, Sam!" esou net am Film Casablanca (1942) virkënnt?