Schabloun:Op engem 17. September
- 1735: Gebuert vum 'belschen' Erfinder Jean-Joseph Merlin.
- 1914: De lëtzebuergesche Sprooch- a Vullefuerscher Henri Rinnen kënnt op d'Welt.
- 1918: Den israeelesche Generol a Politiker Chaim Herzog gëtt gebuer.
- 1931: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Anne Bancroft.
- 1931: Déi éischt LP (Laangspillplack) mat 33 ⅓ Ëmdréiungen/Minutt gëtt zu New York virgestallt.
- 1939: Wéi am Netugrëffspakt mat Däitschland geheim festgehalen, marschéiere sowjetesch Truppen an den ëstlechen Deel vu Polen an.
- 1942: De lëtzebuergesche Geeschtlechen an Direkter vum Wort, Jean Origer, stierft am KZ Dachau.
- 1980: De fréiere nicaraguaneschen Diktator Anastasio Somoza fält am Paraguay engem Attentat zum Affer.