Satellittebus
Als Satellittebus, Satellitteplattform oder Service-Modul bezeechent een d'Versuergungseenheet vun engem Satellit oder enger Raumsond, déi de Betrib vun der tatsächlecher Notzlaascht erméiglecht (par Analogie zum Raumschëff). Dobäi bleift de Satellittebus gréisstendeels d'selwecht a gëtt nëmmen un d'entspriechend Notzlaascht ugepasst, wouduerch d'Entwécklungskäschten deementspriechend falen. Besonnesch heefeg gi se fir Kommunikatiounssatellitten agesat, wougéint Fuerschungssatellitten éischter Spezialkonstruktioune sinn.
Opbau
ännerenE Satellittebus besteet aus der mechanescher Grondstruktur als Droelement fir déi verschidde Subsystemer. Dat gëtt bei der Entwécklung fir d'éischt festgeluecht a bestëmmt déi spéider Konfiguratioun vum Satellittebus an domat déi vum op dem Bus opgebaute Satellit. Si hëlt déi statesch an dynamesch Laaschte beim Start a Betrib vum Satellit op an ass och fir d'Schwéngungs- an d'Resonanzverhale vum Satellittebus an a graffen Zich fir dat thermaalt Verhale verantwortlech. An déi Primärstruktur ginn dann d'Subsystemer integréiert, wéi Energieversuergung (Solarzellen, Akkumulatoren), d'Temperaturkontrollsystem, d'Undriffssystem fir d'Lag- a Positiounsreegelung (Bunnreegelung) an de Bordrechesystem fir Steierung an Datenmanagement. Bei bemannte Satellitte kënnt nach de Liewenserhalungssystem dobäi.
Technesch Date vu verschiddene Plattformen
ännerenDéi bekanntst Ubidder fir Satellitteplattforme si Boeing, Space Systems/Loral, Thales Alenia Space an EADS Astrium. Si ënnerscheeden sech ausser an hirer Gréisst, Leeschtung a Präis virun allem an hirer Liewensdauer an an hiren Ausriichtungen op speziell Aufgaben.
Ubidder | Bezeechnung | Notzlaascht | Total Mass | Elektresch Leeschtung |
Asazgebitt | Liewensdauer Joer | Asaz Bemierkungen |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Boeing | Boeing 376 (BSS oder HP) | ongef. 24 Transponder | 1 bis 1,75 t | 0,8 kW 2,0 kW |
GEO | ongef. 10 | Verschidde Solarzellentyppen, Spinstabiliséiert[1] |
Boeing | Boeing 601 (BSS oder HP) | bis 48 (LS) oder 60 (HP) Transponder | 2,5 bis 4,5 t | 4,8 kW 10 kW (HP) |
GEO/MEO | ongef. 15 | GaAs Solarzellen, optional Ionenundriff |
Boeing | Boeing 702 | 4,5 – 6,5 t | 7-18 kW | GEO | ongef. 15 | GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO | |
Boeing | Boeing 702 MP | 5,8 – 6,16 t | 13,6-18 kW | GEO | ongef. 15 | GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO | |
Boeing | Boeing 702 SP | ca. 1,8 t | 3-8 kW | GEO | etwa 15 | GeAs Solarzellen, nëmme Ionenundriff | |
SS/L | LS 1300 | 5-15 kW | GEO | 15? | SpainSAT | ||
SS/L | LS 400 | ? | 450 kg | 1,1 kW | GEO | 7 | |
Orbital Science | STAR Bus | 200 .. 500 kg | 5 kW | GEO | 15 | Intelsat 16 | |
OHB Technology | SmallGEO[2] | 300 kg | 3 kW | GEO | 15 | elektreschen Undriff | |
TAS | Spacebus 3000 | GEO | |||||
TAS | Spacebus 4000 | 3,0 – 5,9 t | bis 15,8 kW (bis 11,6 kW Notzlaascht) | GEO | 15 | ||
Astrium | Eurostar E2000+ | 550 kg | 3,4 t | 4-7 kW | GEO | 12 | |
Astrium | Eurostar E3000 | 4,8 – 6,0 t | 12 kW | GEO | 15 | optional elektreschen Undriff | |
TAS+Astrium | Alphabus | max. 2 t | max. 8,8 t | max. 22 kW | GEO | 15 | cheemeschen an elektreschen Undriff[3] |
Astrium | Flexibus | LEO | |||||
Astrium | Gammabus | 300 kg | 1,8 kW | LEO | |||
Astrium-SAS | Pleiades | 300 kg? | 600 kg | 1,4 kW | LEO | 7 | |
TAS | Proteus[4],[5] | 500 kg | 0,5 kW | LEO | 5 | Jason, CALIPSO, SMOS | |
Astrium-SAS/CNES | Myriade[6] | 80 kg | 0,06 kW | LEO | 2 | SPIRALE, Picard | |
Astro- und Feinwerktechnik | TET | 50 kg | 120 kg | 0,07 kW bis 0,16 kW (Notzlaascht, kuerzzäiteg) |
LEO | ongef. 10 | Technologieerprouft |
Lockheed Martin | A2100 | 2,8 bis 6,6 t | 1-15 kW | GEO | 15 | USA 207 | |
ISS Reshetnev | Ekspress-1000 | 0,75 bis 1,6 t | ? kW | GEO | 10 bis 15 | Lutsch 5A, B[7],[8],[9] | |
CAST | DFH-4 | max. 488 kg | 5 bis 5,2 t | 10,5 kW | GEO | 15 | Paksat 1R[10],[11] |
Mitsubishi Electric | DS-2000 | 5 bis 5,2 t | 10,5 kW | GEO | 15 | Türksat 4A[12],[13] |
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Hughes / Boeing: HS-376 / BSS-376 (Gunter's Space Page)
- ↑ DLR - SmallGEO-Plattform Archivéiert de(n) 17.11.2015. Gekuckt de(n) 06.12.2014.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 04.08.2012. Gekuckt de(n) 06.12.2014.
- ↑ Proteus op Gunters Space Page
- ↑ Proteus bei CNES Archivéiert de(n) 10.10.2011. Gekuckt de(n) 06.12.2014.
- ↑ CNES: Myriade
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sat/npopm_ekspress-1000.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/luch-5a.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/amos-5.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sat/ch__dfh-4.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/paksat-1r.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sat/melco_ds-2000.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/turksat-4a.htm