Notzlaascht ass d'Laascht, déi e Gefier (Fliger, Raumschëff, Auto, Camion asw.) ophuele kann, bis datt dat maximaalt zoulässegt Gewiicht erreecht ass.

Camion änneren

D'Notzlaascht ass d'Héchstlaascht, déi e Gefier droe kann, ouni datt déi zoulässeg Achslaaschten an déi zoulässeg Gesamtmass iwwerschratt gëtt. Dofir gëtt et gesetzlech Riichtlinnen.

Raumfaart änneren

An der Raumfaart bezeechent d'Notzlaascht d'Gewiicht, dat eng Rakéit resp. e Raumschëff (nieft dem Dreifstoff) transportéiere kann. Heiansdo ass d'Notzlaascht nëmmen 2 % vum Startgewiicht (kuckt Drorakéit).

Eng Sekundärnotzlaascht ass eng weider Zouluedung, déi zousätzlech mat der Primärnotzlaascht gefouert gëtt, fir d'Transportméiglechkeeten beschtméiglechst auszenotzen.

Kuckt och änneren