Kommunikatiounssatellit

Kommunikatiounssatellitten (oder Telekommunikatiounssatellitten) sinn onbemannt kënschtlech Satellitten, déi ronderëm d'Äerd kreesen an Informatiouns- respektiv Dateniwwerdroung a bestëmmte Gebidder op der Äerd erméiglechen. Hir Ëmlafbunne si relativ héich, fir wäit Gebidder iwwerdecken ze kënnen.

Passive Noriichtesatellit Echo 2 mat 41 Meter Duerchmiesser (kuckt och Echo 1)
Militäresche Noriichtesatellit vum Defense Satellite Communications Systems
Wéi d'Noriichtesatellitten am GEO stinn (D'Solarzellpaddele weisen ëmmer an Nord-Südrichtung)

Déi meescht si geostationär Satellitten, déi virun allem TV- a Radiosprogrammer iwwerdroen (kuckt och Televisiounssatellit). E weidere Gebrauch sinn d'Satellittekommunikatioun, d'digital Dateniwwerdroung oder groussraimege Telefonsverkéier. Nieft de Satellitten, déi vu staatlechen a kommerzielle Benotzer ënnerhale ginn, gëtt et och nach Amateurfunksatellitten.

Allgemenges änneren

Vun den éischten experimentellen Noriichtesatellitten hu verschiddener passiv geschafft, dat heescht, et ware grouss metalliséiert Ballonen, déi vu staarke Riichtfunksenderen ugestralt goufen an d'Funkwelle reflektéiert hunn. Spéider Noriichtesatellittegeneratiounen hunn aktiv geschafft d. h. Transponder u Bord vum Satellit empfänken d'Signal vun der Buedemstatioun, a senden et iwwer Richtantennen nees zeréck an e bestëmmte Beräich um Äerdbuedem. De geographesche Beräich, an deem d'Satellittesignal z'empfänken ass, gëtt Ausliichtungszon genannt. Bei Noriichtesatellitte mat schwaache Sendeariichtunge gëtt d'Signal nees vun Äerdfunkplazen empfaangen an an d'Telekommunikatiounsnetz agespeist. D'Radiossendunge ginn dann entweeder terrestresch iwwerdroen oder an d'Breetbandkabelnetz agespeist. Äerdfunkplaze fir Kabeltelevisioun gi Kabelkappstatioune genannt.

Modern Noriichtesatellitten hunn Transponder, deenen hir Sender sou leeschtungsstaark sinn, datt si vum Konsument direkt empfaange kënne ginn. Fir eng gutt Signalqualitéit muss eng Quasi-Siichtverbindung zum Satellit bestoen. Eng Signaldämpfung duerch Wänn, Häiser oder staarke Reen erschwéiert den Empfank bis zur Onméiglechkeet.

Verschidden Noriichtesatellitten hunn zousätzlech Funktiounen. Si kënnen z. B. Korrektursignaler fir d'Satellittennavigatioun iwwerdroen.

D'Noriichtesatellitte kreesen ëm d'Äerd op Krees- respektiv Ellipsebunnen. Déi wichtegst Aart vun Noriichtesatellitte si Satellitten déi d'Äerd op enger geostationärer Ëmlafbunn ëmkreesen, also vun der Äerd aus gesinn ëmmer iwwer der selwechter Plaz stinn (Synchronsatellit). Mat dräi ëm jee 120° gedréite Synchronsatellitte léisst sech all Plaz, bis op d'Polgebidder, op der Äerd erreechen. Fir d'Polgebidder gi Satellitten um Molnija-Orbit mat héijer Bunneschréi par Rapport zum Equator benotzt.

Geschicht änneren

Den éischten Noriichtesatellit war de SCORE a gouf den 18. Dezember 1958 an den USA gestart. Hie konnt Noriichten direkt weiderginn oder huet beim Iwwerfléie vun enger Buedemstatioun eng Noriicht op Band opgeholl an huet s'iwwer enger anerer Statioun nees ofgespillt. De SCORE huet nëmmen 13 Deeg funktionéiert.

D'Feele vun engem Réckkanal war fir normal Noriichteniwwerdrounge (Telefon asw.) net drobar. Ausserdeem war d'Betribszäit ze kleng. Dofir gouf den 12. August 1960 den éischte passiven Noriichtesatellit Echo 1 gestart. Et war e Ballon mat enger Metalluewerfläch déi relfektéiert. Echo 1 huet d'Signaler reflektéiert, déi eng Buedemstatioun gesent huet, fir s'op eng aner weider ze schécken, wärend déi de Satellit gläichzäiteg benotze konnt, fir op enger anerer Frequenz e Signal fir déi éischt Buedemstatioun reflektéieren ze loossen.

Wéi allerdéngs spéider erkannt gouf, datt nëmme mam Gebrauch vun aktive Satellitten eng effektiv Informatiounsiwwerdroung méiglech ass, huet misse weider an déi Technologie investéiert ginn. Den 10. Juli 1962 gouf schliisslech den éischten Televisiounssatellit, mam Numm Telstar an de Weltraum geschéckt. Den Telstar huet schonn deemools eng TV-Iwwerdroung tëscht Japan, den USA an Europa erméiglecht.

De 14. Februar 1963 gouf de Syncom 1 als éischten Noriichtesatellit an eng geostationär Ëmlafbunn geschéckt. Well de Syncom 1 net richteg funktionéiert hat, gouf en de 26. Juli 1963 mam Syncom 2 ersat. Et war den éischte sougenannte Synchronsatellit fir den terrestresche Telekommunikatiounsverkéier.

Den éischte kommerzielle geostationäre Noriichtesatellit war den Intelsat I, och „Early Bird“ genannt. Hie war de 6. Abrëll 1965 vum Cape Kennedy an de Weltraum gestart.

Europa hat eréischt Mëtt vun den 1970er Jore mam Start vun Noriichtesatellitten ugefaangen. Déi béid éischt hu Symphonie 1 a Symphonie 2 geheescht a goufen den 19. Dezember 1974 respektiv de 27. August 1975 gestart. Si waren an Zesummenaarbecht vu Frankräich mat Däitschland entstanen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren