Jason ass e kollektive Satellitte­programm fir Mierobservatioun vun der NASA (USA) an dem CNES (Frankräich).

Jason-1 (kënschtlerescht Bild)
OSTM/Jason-2 (kënschtlerescht Bild)
Jason-3 (kënschtlerescht Bild)

Eenzelmissiounen änneren

  • Jason 1, Nofollger vum Satellit TOPEX/Poseidon, gouf zesumme mat TIMED de 7. Dezember 2001 mat enger Delta-7920-Drorakéit vun der Vandenberg Air Force Base aus gestart. Hie flitt op enger 1340 km héijer kreesfërmeger Ëmlafbunn mat enger Inklinatioun vu 66,0°.
  • Jason 2, och OSTM (Ocean Surface Topography Mission) genannt, koum den 20. Juni 2008 no. De Satellit gouf och vu Vandenberg aus op eng 1336 km héich Kreesbunn mat 66° Inklinatioun bruecht. De Satellit ass mam Duebel-Frequenz-Altimeter „Poseidon 3“ fir d'Bestëmmung vun der Miereswellenhéicht ausgerëscht.
  • Jason 3, de Start war ufanks fir Dezember 2014 geplangt, nodeems en e puermol verréckelt gouf war de Start dunn de 17. Januar 2016 mat enger Falcon 9 op der Vandenberg Air Force Base.

Instrumenter änneren

D'Notzlaaschte gläichen deene vun TOPEX/Poseidon:

Missioun änneren

Zesumme mam RA-2-Altimeter op dem ESA-Satellit Envisat ass Jason déi wichtegst Informatiounsquell fir prezis global Viraussoen iwwer Mieresstréimungen a Wellegang. Jason gouf besonnesch fir d'Observatioun vun den tropesche Mierer optiméiert, wärend aner Héichtemiesser och mëttel Breeten an d'Polargebidder (CryoSat) ofdecken. Well Altimeter nëmme laanscht eng relativ schmuel Buedemspuer miesse kënnen ass et vu Virdeel Héichteninformatioune vun en ettlechen Instrumenter kombinéieren ze kënnen.

Besonnesch Ziler vu Jason sinn:

  • Vermoosse vum Mieresspigel mat enger Genauegkeet vu 4 cm
  • Observatioun vu Mieresstréimungen, Wellenhéichtebestëmmung a Bestëmmung vun de Wandvitessen
  • Virausso vum El Niño
  • Kollektiv Vermiessungsaufgabe mam TOPEX/Poseidon bis zu deem sengem Ausfall Enn 2005

Technesch Daten änneren

D'Satellitte baséieren op Alcatel Proteus Satellittebus. Si si per magnetic torque rods (elektromagnéitesch Ausriichtung um Äerdmagnéitfeld duerch bordeege Spulen[1]) dräiachsestabiliséiert an hunn en Undriffssystem mat enger Dreifstoffreserve vun 28 kg Hydrazin. Si sinn ongeféier 500 kg schwéier, 3 m héich a si mat zwou Solarzelleflächen ausgerëscht, déi 0,5 kW (Jason-2) resp. 1,0 kW Leeschtung liwweren. Déi gesammelt Date ginn iwwer e S-Band Telemetriesystem mat 613 (Jason-1) resp. 838,86 kbits/s (Jason-2) op d'Äerd iwwerdroen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (en) Stanford University: GRAVITY PROBE B