De CALIPSO (Cloud-Aerosol Lidar and Infrared Pathfinder Satellite Observations) ass en amerikanesch-franséischen Äerdobservatiounssatellit vun der NASA an dem CNES. De CALIPSO erfuerscht d'Aflëss vu Wolleken an Aerosolen op d'Wieder an d'Loftqualitéit op der Äerd. E gehéiert zum Fuerschungsprogramm EOS, deen eng Rei vun Ëmweltsatellitte bedreift.

CALIPSO
Den Äerdobservatiounssatellit CALIPSO
Typ Äerdobservatiounssatellit
Land  USA/ Frankräich
Agentur NASA / CNES
COSPAR-Bezeechnung 2006-016A
Apogeum 703 km
Perigeum 701 km
Bunnschréi 57,0°
Mass 587 kg
Bunn-Ëmlafzäit 98,5 min
Exzentrizitéit
Start 28. Abrëll 2006, 10:02 UTC
Startplaz Vandenberg SLC-2W
Drorakéit Delta 7420-10C D314
Status am Orbit
De CALIPSO bei de Startvirbereedungen op der Vandenberg-Base
Instrumenter vum CALIPSO

Missioun änneren

De CALIPSO schafft op enger 700 km héijer, sonnesynchroner Ëmlafbunn a flitt mam Satellit CloudSat, deen och d'Wolleke studéiert, souwéi nach véier aner Ëmweltsatellitten (Aura, Aqua, PARASOL an OCO-2) a Formatioun. Déi sechs Satellitte bilden zesummen den A-Train.

De CALIPSO gouf no siwe Startversich den 28. Abrëll 2006 gestart. De Satellit war fir eng Missiounsdauer vun dräi Joer ausgeluecht, d'Benotzung gouf awer verlängert.

Instrumenter änneren

Cloud-Aerosol Lidar with Orthogonal Polarization (CALIOP)

CALIOP stellt mat Hëllef vun engem Laser héichopgeléist vertikal Profiler vu Wolleke hir. Dobäi gëtt mat verschiddene Wellelängten an engem Empfängerteleskop (1 Meter Duerchmiesser) geschafft.

Imaging Infrared Radiometer (IIR)

Dee System schafft am Infraroutberäich mat Wellelängten tëscht 8 an 12 µm. Dobäi gëtt all Kéier de selwechte Bilddetail observéiert deen de CALIOP grad analyséiert.

Wide Field Camera (WFC)

Déi Kamera ass virun allem am Beräich vu 645 nm Wellelängt empfindlech a mécht Biller vun der Äerduewerfläch.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: CALIPSO – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren