Space Systems/Loral (SSL) ass eng kanadesch/US-amerikanesch Entreprise, déi Satellitten a Raumfaartsystemer fir Regierungsdepartementer an zivil Cliente produzéiert. Zanter 1960 huet d'Entreprise méi wéi 270 Satellitte gebaut.[2] SSL ass eng Duechtergesellschaft vun der kanadescher Elektro-, Loft a Raumfaartentreprise MacDonald Dettwiler and Associates (MDA).

Space Systems/Loral
Logo vun Space Systems/Loral
Kategorie Entreprise / Duechtergesellschaft
Grënnung 1957
Sëtz Richmond, Kanada
(Haaptsëtz MDA)
Palo Alto,  USA
Direkter John Celli
Mataarbechter 2.900
Ëmsaz 630 Mio. $ (2007)[1]
Fachgebitt Raumfaart
Homepage sslmda.com

Geschicht änneren

D'Entreprise gouf 1957 an der San Francisco Bay Area als Western Development Laboratories (WDL), eng Duechtergesellschaft vun der Philco Corporation, gegrënnt. Schonn 1960 huet Philco-WDL, fir d'US-Air Force, de Kommunikatiounssatellit Courier 1B gebaut, den éischten aktive Relaissatellit vun der Welt.

D'Entreprise gouf 1961 vum Automobilkonzern Ford iwwerholl an 1966 a Philco-Ford ëmgenannt. Am selwechte Joer huet Philco-Ford mam Initial Defence Communication Satellite Program ugefaangen a bis 1968 an deem Program am Ganze 26 Satellitte gebaut.

1971 huet Philco-Ford den éischten NATO-1-Satellit gebaut, deen eng Kommunikatiounsverbindung tëscht dem NATO-Haaptquartéier zu Bréissel, a weidere Zentre vun den NATO-Alliéierte gemaach huet.

An de follgende Joren gouf d'Entreprise méi dacks ëmgenannt (Aeronutronic Ford a spéider Ford Aerospace), bis d'Raumfaartdepartement vu Ford 1990 un d'Loral Space & Communications verkaf gouf an domat den haitegen Numm Space Systems/Loral krut. Tëscht 1994 an 2001 huet Loral fënnef geostationär Wiedersatellitte fir d'NASA gebaut an 2000 mat der Ausliwwerung vum éischte Radio-Satellit ugefaangen. 2005 huet d'Entreprise den Thaicom-4-Kommunikatiounssatellit gebaut.

Clienten änneren

Zu de Cliente gehéieren ë. a.: AsiaSat, DirecTV, EchoStar, Globalstar, Hispasat, Hughes Network Systems, ICO Global Communications, Intelsat, Japan MTSAT, JSC Gascom, Telesat Canada, NASA/NOAA (GOES), Optus, PanAmSat, QuetzSat, SatMex, SES S.A., SES New Skies, Shin Satellite, Sirius Satellite Radio, SpainSat, ViaSat, WildBlue an XM Satellite Radio.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Loral Space & Communications Inc. (Hrsg.): Loral Reports 2007 Operating Results. Stand: 1. Abrëll 2008. URL: https://web.archive.org/web/20160602182146/http://investor.loral.com/downloads.cfm (gekuckt den 12. September 2008)
  2. Space Systems/Loral (Hrsg.): Overview. http://www.ssloral.com/html/aboutssl/overview.html (gekuckt den 19. Januar 2011)