SNCB-Linn 46

Eisebunnsstreck Sankt-Vith - Steinebrück

D'SNCB-Linn 46 ass eng fréier belsch Eisebunnsstreck déi vu Sankt Vith iwwer Lommersweiler op déi däitsch Grenz bei Steinebrück gefouert huet. Vun do hat se bis am Zweete Weltkrich Uschloss un d'Westäifelbunn a war bis 1918 selwer en Deel vun där Eisebunnsstreck.

Et war déi südlechst vu fënnef Eisebunnsstrecken déi virum Krich d'Belsch mat Däitschland verbonnen huet. Si war den 1. Oktober 1880 a Betrib geholl ginn a vum 10. September 1944 ass keen Zuch méi vu Sankt Vith a Richtung däitsch Grenz gefuer, well d'Streck ze vill beschiedegt war an hanner Steinebrück zwou Brécke futti waren.