D'Gare vu Raeren ass eng fréier Grenzgare zu Raeren op der Streck Welkenraedt - Raeren an op der Streck Oochen/Stolberg - Sankt Vith.

Stroossesäit vun der Gare

D'Gare vu Raeren war ëm 1930 eng relativ grouss Gare. De Gleisplang vun 1927, weist datt déi Zäit 23 Gleiser an der Gare louchen, déi iwwer ronn 40 Weiche matennee verbonne waren, dovun der 20 déi vun den zwee Stellwierker aus gestallt goufen. An engem Stellwierk ass eng mechanesch Anlag vu Siemens & Halske mat Kettenzich an an deem aneren ass eng mechanesch Anlag vu Saxby & Farmer.

2014 gouf déi ganz Gare mat de Stellwierker a Signaler op d'Lëscht vun den Nationale Monumenter agedroen.

2017 am Summer sinn an der Gare d'Kulisse fir d'Dréiaarbechte vum Kannerfilm Liliane Susewind - Ein tierisches Abenteuer (2018) installéiert, dee vun der däitscher Firma Dreamtool Entertainment an der belscher Velvet Films vu Bréissel gedréint gëtt.

Um Spaweck änneren

 
Gare vu Raeren, Säit vun de Gleiser